Esch ka sech zu Bierchem duerchsetzen a bleift weider ongeschloen

© AFP
Am Nodrochsmatch vum Ufank vun der Saison waren déi bis dohin ongeschloen Escher zu Bierchem op Besuch.
Et war en hin an hier an der éischter Hallschent vun dësem Match. Mol war Bierchem am Avantage, mol Esch. Méi wéi zwee Goler awer war ni tëscht béide Spëtzenekippen aus dem Lëtzebuerger Handball, esou war et och net groussaarteg verwonnerlech, datt et mat 19:19 an d'Paus goung.
Vun der 40. Minutt u konnt sech Esch e klenge Virsprong vun dräi Goler erausspillen, deen si dann och ëmmer ongeféier konnte bäibehalen, mol waren et der zwee, mol waren et der véier. Vun der 55. Minutt un huet Bierchem nach emol alles probéiert, fir bäizekommen, ma dat huet deenen Escher an d'Kaarte gespillt a si konnten zum Schluss vum Match hiren Avantage nach eng Kéier ausbauen. Esou gewanne si eng laang Zäit ganz eng a spannend Partie zum Schluss mat 40 op 35.