Dëse Weekend sinn am Handball am 2. Tour vum EHF European Cup den Handball Esch an déi Déifferdenger Red Boys am Asaz.

Den Handball Esch ëmfänkt Dukla Prag aus der Tschechescher Republik an d'Red Boys probéieren, géint Vilnius aus Litauen weiderzekommen. Virun de Partië sinn d'Lëtzebuerger Vertrieder optimistesch.

Virschau EHF European Cup / Reportage Serge Olmo

Den Handball Esch spillt um 18.15 Auer den Allersmatch géint Prag, de Retourmatch ass dann den nächste Samschdeg. Den tschecheschen Handball ass méi staark anzeschätze wéi de lëtzebuergeschen Handball, mee trotzdeem sinn d'Chancë ganz reell. Déi Escher stelle sech op en zolitte Géigner an, Prag ass awer dem Nationalspiller Tom Krier no absolut ze packen:

Ech sinn der Meenung, et ass eng zimmlech gutt Ekipp. Si spillen uewe mat enger gudder tschechescher Liga, wou awer en héijen Niveau ass. Ech sinn awer net der Meenung, datt dat eng Ekipp ass, déi net ze schloen ass. Kloer hunn déi international schonn e puer Resultater gemaach, et gëtt och sécherlech net einfach, mee mir ginn 100% an déi 2 Matcher fir déi 2 Matcher ze gewannen an definitiv eng Ronn weiderzekommen. Dat ass eist Zil.

An der Saison 2019/2020 hat Dukla Prag sech ganz knapp géint déi Déifferdenger Red Boys qualifizéiert. D'Chancë fir déi Escher wiere bestëmmt méi grouss gewiescht, wann déi zwou Partien doheem gespillt gi wieren. Déi Méiglechkeet hunn déi Déifferdenger géint Vilnius aus Litauen. D'Rendez-vouse fir d'Red Boys sinn e Samschdeg de Mëtteg an e Sonndeg vu 16 Auer un.

Bei Vilnius sinn nëmme litauesch Spiller am Kader. Véier vun hinne sinn Nationalspiller. Den Aldin Zekan a seng Déifferdenger Kolleege konnte wichteg Informatiounen iwwer Vilnius sammelen.

Mir hunn eis och schonn am Virfeld e puer Videoen ugekuckt an et kann ee scho schlussfolgeren, datt si am Duerchschnëtt e gutt Stéck méi grouss si wéi mir an och e bësse méi schwéier si wéi mir. De Schlëssel fir do eppes ëmzerappen ass, op Schnellegkeet ze schaffen.

Bei hirer 21. Participatioun op europäeschem Plang rechnen déi Déifferdenger ganz staark domadder, fir en Tour weiderzekommen.