HB Esch trotz 32:30-Victoire am Retourmatch eliminéiert

Am zweete Match géint Dukla Prag konnte sech déi Escher duerchsetzen, stinn duerch d'Defaite aus dem Allersmatch awer net an der 3. Ronn.
E Samschdeg den Owend ass et fir den HB Esch fir de Retourmatch an der zweeter Ronn vum EHF European Cup op Prag gaangen. No der 31:36-Néierlag am Allersmatch gouf et am Retourmatch an der tschechescher Republik eng 32:30-Victoire
Dobäi waren déi Escher ufanks gutt an de Match gestart a louchen no 15 Minutten och mat zwee Goler a Féierung. Duerno haten d'Tschechen dann awer eng gutt Phas a konnte sou de Match dréinen a mat engem Spillstand vun 18:15 an d'Paus goen. An der zweeter Hallschent vun der Partie hunn déi Escher awer nach net opginn a si mat enger engagéierter Leeschtung an der Schlussphas nach ee Mol a Féierung gaangen. Um Enn behaapte si sech mat 32:30, wat no der 31:36-Defaite aus dem Allersmatch awer net fir den Ticket an déi drëtt Ronn duergeet.