Esch bleift domadder weiderhin ongeschloen. Käerjeng huet dogéint déi éischt Defaite agestach. An der 2. Partie gouf et eng Victoire fir de Standard.

Um Mëttwoch stoungen 2 Partië vum 7. Spilldag am Häre-Championnat um Programm. Am Spëtzematch hat Käerjeng Esch op Besuch.

Handball: Esch iwwerrennt Käerjeng
Am Duell vun den Ekippen, déi bis ewell nach kee Match verluer haten, konnten d'Gäscht sech däitlech duerchsetzen.

Axa League Hären

Resumé Handball / Reportage Gilles Tricca

An der Partie vun den Ekippen, déi nach ongeschloe waren, huet sech Esch kloer mat 38:23 zu Käerjeng duerchgesat.

D'Gäscht haten de bessere Start erwëscht a si séier mat 4:1 a Féierung gaangen. An der 10. Minutt stoung et 6:1 fir Esch. D'Heemekipp ass dono besser an d'Partie komm, mee de Retard vun de 5 Goler ass net méi kleng, mee souguer nach méi grouss ginn. An der Paus louchen déi Käerjenger beim Stand vun 10:17 mat 7 Goler hannen. Op der Säit vun den Escher hat den Tom Krier 6 Goler markéiert. Och nom Säitewiessel hunn d'Gäscht konsequent no vir gespillt an ee Gol nom anere markéiert. Käerjeng konnt den offensive Rhythmus vun Esch net matgoen. No Ronn 50 Minutten hat Esch e Virsprong vun 13 Goler (31:18). D'Gäscht hunn net opgehalen a sech verdéngt mat 38:23 behaapt.

Am 2. Match huet Schëffleng mat 22:27 géint de Standard verluer. An der 1. Hallschent war et eng serréiert Partie. D'Gäscht ware no 16 Minutte mat 7:4 am Avantage. An der Paus hat Schëffleng beim 12:11 de Réckstand vun 3 Goler opgeholl an de Match gedréint. An der 2. Hallschent war d'Heemekipp ondisziplinéiert a krut 3 rout Kaarte gewisen. D'Gäscht hunn dat ausgenotzt a sech mat 27:22 duerchgesat.

Um Dënschdeg haten d'Red Boys mat 43:19 géint Rëmeleng gewonnen. Den HB Diddeleng hat sech och kloer mat 44:28 géint Miersch behaapt. En Donneschdeg konnt sech Bierchem kloer mat 37 op 18 zu Dikrech duerchsetzen.

Spillplang Hären

Tabell Hären