Bei den Häre steet den HB Esch duerch eng Victoire zu Rëmeleng weider un der Tabellespëtzt a Käerjeng konnt sech wichteg Punkte géint Diddeleng sécheren.

Am nationalen Handballchampionnat war e Samschdeg bei den Hären a bei den Dammen den 8. Spilldag.

Axa League Hären

Fir den Tabelleleader vun Esch gouf et eng kloer 31:19-Victoire géint Rëmeleng. No ausgeglachenen, awer och schwaachen éischte 15 Minutte sinn déi Escher mat der Zäit awer ëmmer méi erwächt a konnte vun do un de Virsprong no an no ausbauen. An der Paus stoung et aus der Siicht vun der Rëmelenger Lokalekipp 7:12. An der zweeter Hallschent vum Match huet een dann en HB Esch um Terrain gesinn, wéi een et och vun engem Favorit erwaart. Offensiv huet elo méi geklappt a sou stoung der Victoire géint eng engagéiert Rëmelenger Ekipp um Enn näischt méi am Wee.

Den HB Käerjeng huet sech an enger enker Partie mat 33:28 géint Diddeleng behaapt. Vun Ufank un hu sech béid Ekippen net vill vuneneen huele gelooss, ma d'Lokalekipp vu Käerjeng hat awer ëmmer nees liicht d'Nues vir. Mat engem Spillstand vu 17:13 ass et no 30 Minutten an d'Paus gaangen. Déi Käerjenger sinn duerno gutt aus der Paus komm a konnte sech doropshin tëschenzäitlech e Virsprong vun 10 Goler erausspillen. Trotz enger besserer Schlussphas vun den Diddelenger wënnt d'Lokalekipp um Enn de Match a steet domat viraussiichtlech op der zweeter Tabelleplaz.

An den zwee weidere Matcher vum Owend wënnt de CHEV Dikrech32:19 géint Schëffleng an d'Red Boys hunn dem Standard mat engem 36:18 keng Chance gelooss.

Spillplang Hären

Axa League Dammen

Fir den Tabelleleader HB Käerjeng gouf et eng 31:27-Victoire zu Esch. Am Géigesaz zu der Lokalekipp hunn déi Käerjenger gutt an de Match erafonnt a konnte sech scho fréi an der Partie e gewësse Virsprong opbauen. Mat der Zäit ass den HB Esch awer och besser eens ginn an huet de Réckstand bis d'Paus op d’mannst op 14:17 verkierzt. No der Paus huet een dann e méi ausgeglachene Match ze gesi krut, ma duerch eng staark Schlussphas entscheet den HB Käerjeng um Enn de Match fir sech.

Den Tabellenzweeten HB Diddeleng huet géint den HB Museldall näischt ubrenne gelooss a sech souverän mat 36:12 duerchgesat. Vun Ufank u war kloer, wien an dëser Partie de Favorit ass an dat huet sech sou och däitlech am Spillverlaf gewisen.

An den zwou weidere Partië vum Owend gouf et nach eng 28:16-Victoire fir de CHEV Dikrech géint Bieles an d'Red Boys hu sech mat 31:15 géint de Standard duerchgesat.

Spillplang Dammen