E Samschdeg war zu Laser un der Sauer déi 30. Editioun vum Deulux-Laf.

E Freideg huet d'Fuesent ugefaangen. Wéi et schéngt och zu Laser. Do gouf awer e Samschdeg de Mëtteg virun allem gelaf. 1.600 Awunner an 1.200 Leefer a Leeferinnen, ronn en Drëttel dervu Lëtzebuerger, déi Beweegung an dat klengt Dierfche bruecht hunn. E Kazesprong vu Waasserbëlleg ewech geleeën. Dat ganzt Spill huet sech awer net nëmmen um däitschen Territoire ofgespillt, ma och en Deel zu 
Lëtzebuerg. Dohier féiert de Laf iwwert 2 verschidde Brécken.

De Bob Bertemes huet d'Course iwwer 10km vum Ufank bis zum Schluss dominéiert. E Mëttwoch koum de Celtic-Leefer vun engem Stage vu 4 Wochen aus Kenia zréck. D'Freed iwwert dës Victoire war net ze iwwersinn. De Yonas Kinde gouf Zweeten an de Gil Weicherding den Drëtten. An den Top 10 vun der Männercourse si 7 Leefer aus Lëtzebuerg, dat gouf et nach ni an der 30 Joer laanger Geschicht vum Deulux-Laf.

Och bei den Damme konnt mam Anny Wolter eng lëtzebuergesch Victoire gefeiert ginn, dat mat fënnef Sekonne virum Mocso Zanette.