Am Nodrosmatch vum 2. Spilldag vum Handball-Championnat gewannen déi Déifferdenger Red Boys auswäerts mat 34:28 géint den HB Diddeleng.

Handball - Red Boys géint HB Diddeleng / Rep. Serge Olmo

An der Paus waren déi Rout vun Déifferdeng 16:14 am Avantage.

Déi éischt Halbzeit war Diddeleng phaseweis besser, mee d’Gäscht hu sech ni nervös maache gelooss a hunn de Match virun der Paus liicht gedréint.

Den HB Diddeleng huet gutt gekämpft a konnt phaseweis un deenen Déifferdenger dru bleiwen.

D’Red Boys ware méi konstant an hu manner Feeler gemaach. Den Ecart ass lues geklommen. Decisiv waren d’Paradë vum Déifferdenger Golkipper Matej Mudrinjak.

Bei Diddeleng huet de Josip Ilic 12 Goler markéiert dovun 8 vum 7 Meter Stréch, mee datt ass net duer gaangen.

Déifferdeng ass prett fir de Samschdeg de Spëtzematch géint de Champion Esch ze spillen.

No der Victoire sinn d’Red Boys elo op der 3. Plaz mat 14 Punkten genee wéi Käerjeng mat och 14 Punkten.

Den Handball Esch huet de Maximum vun 16 Punkten opweises an ass Tabelleleader.