Zwee Deeg virum Optakt vun der Futtball-Weltmeeschterschaft huet de Katar ugekënnegt, datt et och ronderëm d'Stadie keen Alkohol ze drénke gëtt.

Wéi et aus der englescher "Times" heescht, soll d'kataresch Kinneksfamill Drock gemaach hunn, datt d'Zerwéiere vun Alkohol an a ronderëm d'Stadie komplett verbuede gëtt. D'FIFA hat eigentlech geplangt, datt d'Fans wärend de Matcher tëscht dem 20. November an 18. Dezember bannent de Stadien a bestëmmten Zone Béier kafen dierften.

Ma e Freideg huet d'FIFA confirméiert, datt d'Verbuet vu Béier an allgemeng Alkohol bannent a ronderëm de Stadien duerchgesat gëtt.