D’Etzella gewënnt mat 105:97 géint Zolwer

© AFP / Archiv
Schonn e Samschdeg huet Walfer de Spëtzematch géint Diddeleng fir sech decidéiert. Eng Néierlag gouf et iwwerdeems fir de Basket Esch zu Bartreng.
Hären
E Sonndeg huet d’Etzella du mat 105:97 (20:27, 27:26, 36:26, 22:18) géint Zolwer gewonnen. Den Opsteiger ass besser an de Match komm a louch nom éischte Véierel mat 7 Punkten a Féierung. Och am zweete Véierel huet Zolwer gutt dogéint gehalen, soudass et mat 6 Punkten Avance fir d’Gäscht an d’Kabinne gaangen ass. Am zweeten Duerchgang huet d’Etzella dunn opgedréint an de Match dominéiert. Um Enn muss Zolwer sech trotz engagéierter Leeschtung knapps geschloe ginn, wärend d’Etzella weider uewen drubleift.
Schonn e Samschdeg huet sech Walfer am Topmatch vum 13. Spilldag mat 84:73 (17:23, 24:24, 17:15, 26:11) géint den T71 Diddeleng behaapt. Den éischte Véierel goung knapp un d'Gäscht aus der Forge du Sud. Et war en enke Match bis an de leschte Véierel. Do huet d'Lokalekipp dem T71 den Zant gezunn an de Match fir sech entscheet. Walfer klëmmt domat op Plaz 2 am Klassement, hannert de Lokalrival vu Steesel.
Am Match tëscht der Amicale Steesel an dem AB Conter goung et hin an hier, um Enn gewënnt Steesel de Match mat 92:76 (33:15, 18:22, 28:17, 13:22). An den éischten 10 Minutten huet Steesel kloer den Toun uginn, mee Conter konnt sech am nächste Véierel e bëssen zeréckkafen. D'Amicale ass nees besser aus der Kabinn komm an huet sech den decisiven Ecart erausgespillt, och wann de leschte Véierel nees un d'Gäscht goung.
Eng Iwwerraschung gouf et bei der Victoire vun der Sparta Bartreng doheem géint de Basket Esch. No 40 gespillte Minutte stoung et 69:64 (26:18, 19:16, 13:17, 11:13) fir d'Lokalekipp. Et ass eng batter Néierlag fir déi Escher. Bartreng war déi éischt Hallschent besser am Match a konnt do de Grondstee fir déi spéider Victoire leeën. Esch huet no der Paus wuel alles probéiert, mee d'Punkte bleiwen zu Bartreng.
D'Fiels sammelt duerch déi kloer Victoire vun 93:61 (21:16, 24:11, 30:13, 18:21) am Derby géint Hiefenech wichteg Punkte fir de Playoff. De Match war an der Paus scho bal duerch an nom drëtte Véierel war d'Partie schonn decidéiert. An de leschten 10 Minutten huet d'Fiels et méi labber ugoe gelooss an Hiefenech konnt sech nach e bëssen erëmkafen.
Am direkten Duell tëschent dem Aacht- an dem Néngtplacéierten haten d'Musel Pikes dat bessert Enn fir sech a gewannen doheem mat 75:63 (19:12, 23:16, 9:21, 24:14) géint de Gréngewald. D'Lokalekipp war gutt an de Match komm a louch zur Paus komfortabel vir. Am drëtte Véierel huet d'Männer vum Coach Milan Skobalj de Kuerf net méi getraff a sou koum de Gréngewald nach eng Kéier erun. Am leschte Véierel hunn d'Miseler dunn alles kloer gemaach.
An der Nationale 2 huet sech de BBC Bascharage mat 88:67 géint d'Black Frogs vu Schieren duerchgesat. De Black Star Miersch setzt sech kloer mat 128:85 géint de BC Mess duerch an d'Kordall Steelers entscheden eng enk Partie mat 92:89 géint Mamer fir sech. Um Sonndeg huet Wolz sech an engem ganz knappe Match mat 83:81 géint de Racing duerchgesat.
Resultater Hären
Dammen
Um Sonndeg hat Wolz keng Chance géint d’Musel Pikes an huet sech misse mat 73:98 (20:30, 21:25, 17:24, 15:19) geschloe ginn. D’Musel Pikes hunn de Match vun Ufank un dominéiert a sinn zu kengem Zäitpunkt a Réckstand geroden, soudass et eng héichverdéngte Victoire fir d’Gäscht war.
Donieft hat d’Sparta Bartreng keng Problemer zu Zolwer. Mat enger ganz staarker Leeschtung am éischte Véierel hunn déi Bartrenger Spillerinne sech eng héich Féierung erausgespillt, un där sech bis zum Schluss net méi vill sollt änneren. Um Enn verléiert Zolwer mat 67:91 (12:38, 10:14, 17:13, 28:26) géint d’Sparta, déi mat engem Match méi wéi Conter an dräi méi wéi den T71 d’Tabelleféierung iwwerhëlt.
Schonn e Samschdeg hat den AB Conter sech mat 79:68 (15:14, 20:21, 26:18, 18:15) géint d'Etzella Ettelbréck duerchgesat an ass domat un der Tabellespëtzt bliwwen. Bis zur Paus war et en enke Match tëscht béide Formatiounen, mee am drëtte Véierel konnt d'Lokalekipp den decisiven Ecart erausspillen an huet och an de leschten 10 Minutten näischt méi ubrenne gelooss.
Am zweete Match vum Samschdeg huet de Gréngewald d'Amicale Steesel mat 98:65 (27:15, 22:17, 23:16, 26:17) iwwerrannt. No den éischten 20 Minutten hat de Gréngewald schonn eng komfortabel Avance, déi en och nom Säitewiessel behalen a souguer ausbaue konnt. Bescht Scorerinne ware fir de Gréngewald d'Dejza James (25 Punkten) a bei Steesel d'Esmeralda Skrijelj (22 Punkten).