Basket
Weider Victoirë fir d'Lux Rollers

© RTL-Archiv
D'Lux Rollers hunn de Weekend e weideren duebele Succès realiséiert.
D'Basketekipp huet de Weekend zu Frankfurt zwee Mol géint d'Lokalformatioun gewonnen. Den éischte Match mat 59 op 33 an den zweete 57 op 47.
Domadder bleiwen d'Lux Rollers no 6 Victoiren hannerteneen Tabelleleader vun der Regionalliga. De 5. Februar kënnt et am Rehazenter zum Duell tëscht den ongeschloene Lux Rollers an dem Tabellenzweeten Heidelberg.
Am meeschte gelies