
© Serge Olmo / RTL
Wärend bei den Dammen den Tabellenéischte keng Plomme léisst, tauschen den HC Bierchem an d'Red Boys vun Déifferdeng d'Plazen an der Tabell.
En Dënschdeg stoungen zwou Affichen am nationalen Handball um Programm. Bei den Hären ass den HC Bierchem op d'Red Boys vun Déifferdeng getraff, wougéint bei den Dammen den HC Standard géint den HB Käerjeng gespillt huet.
Axa League Hären
D'Affiche Bierchem géint Déifferdeng huet alles gehalen, wat se am Virfeld versprach hat. Et war e gudden a flotte Match bei deem d'Gäscht de Match virun allem an der éischter Hallschent verluer hunn. Esou haten déi Déifferdenger, ouni den Trainer Sandor Rac, Krämpes fir an de Match ze kommen. No 30 Minutten waren d'Jongen aus der Forge du Sud scho mat 7:16 hannen. An der zweeter Hallschent war de Match e bësse méi ausgeglach, obschonns Bierchem näischt ubrenne gelooss huet an de Match souverän mat 30:24 gewanne konnt.
Spillplang Hären R2
Relegatioun Hären
Axa League Dammen
De Leader Käerjeng hat mam HC Standard en Dënschdegowend keng gréisser Probleemer a gewënnt auswäerts mat 39:18. Schonn no 30 Minutte war kloer, wien als Gewënner vum Terrain géif goen, wéi et mat mat enger 9-Punkten-Avance vun de Käerjengerinnen an d'Kabinne gaangen ass. No der Paus hunn d'Gäscht de Match geréiert an den Ecart weiderhi vergréissert. Déi meeschte Goler huet op en Néits d'Käerjenger Top-Scorerin Tina Welter geschoss.