De Gréngewald verléiert och de leschte Match an ass domadder eliminéiert
En Dënschdegowend hunn d'Damme vum Gréngewald hire sechsten a leschte Match an der Gruppephas vum EuroCup am Basket gespillt an dëse mat 57:102 verluer.
Géint Casademont Zaragoza aus Spuenien gouf et am Allersmatch virun eegenem Public eng 51:81-Néierlag. En Dënschdeg den Owend hunn d'Damme vum Trainer François Manti also missen auswäerts a Spuenien untrieden. Dobäi gouf et eng 102:57-Victoire fir d'Damme vu Zaragoza.
D'Lokalekipp aus Spuenien ass der Favoritteroll vum éischte Véierel u gerecht ginn an huet et dem Gréngewald net einfach gemaach. Direkt schonn am éischte Véierel louch Zaragoza mat engem zolitte Virsprong a Féierung. D'Spuenierinne konnten den éischte Véierel nämlech mat 26:11 fir sech entscheeden. De Gréngewald huet hei virun allem an de leschten dräi Minutten d'Schlappe verluer. Am zweete Véierel hat de Gréngewald der spuenescher Ekipp näischt entgéintzesetzen an ass souzesoen ënnert d'Rieder komm, soudatt d'Zaragoza dëse mat 34:11 gewanne konnt.
No der Paus hunn d'Spuenierinnen an der Offensiv weiderhi gedréckt a monter opgespillt, wougéint si an der Defense e puer Konzentratiounsfeeler un den Dag geluecht hunn. Am drëtte Véierel konnt Zaragoza 24 Punkte markéieren, wougéint de Gréngewald 18 Punkte markéiere konnt. Am leschte Véierel wollten d'Spillerinne vum Gréngewald dem Tabellenéischten aus Zaragoza nach eng Kéier weisen, wat si opweises hunn. Si hu gekämpft an nach eng Kéier alles ginn, soudatt si de leschte Véierel just knapps mat 17:18 verluer hunn.
Um Enn verléiert de Gréngewald däitlech mat 57:102 a Spuenien a gëtt domadder Leschten an der Grupp.
D'Resultater vum Gréngewald am Iwwerbléck
Cadi La Seu – Gréngewald 71:47
Gréngewald – Braine 52:76
Gréngewald – Zaragoza 54:81
Gréngewald – Cadi LA Seu 54:90
Braine - Gréngewald 115:66
Zaragoza - Gréngewald 102:57