Sparta a Contern stinn an der Halleffinall am Dammebasket

© AFP
E Mëttwoch den Owend stounge mat Sparta-Etzella an Zolwer-Contern zwou Affichen an der 1/4-Finall vun der nationaler Coupe am Dammebasket um Programm.
Den Tabelleprimus Sparta hat doheem zu Bartreng keng Problemer, fir géint d'Etzella vun Ettelbréck eng Ronn weiderzekommen. Um Enn gewënnt d'Sparta souverän mat 100:75 géint d'Etzella a steet domadder verdéngt an der Halleffinall vun der Coupe am Dammebasket. Déi éischt Schrëtt a Richtung Halleffinall goufe vun de Bartrenger Spillerinne virun allem an den éischten zwee Véierel gemaach. Hei huet virun allem déi Bartrenger Offensiv geglänzt, déi a béide Véierel méi wéi 30 Punkte geworf huet. Weider stoungen d'Bartrenger och hanne sécher an hu wéineg bis guer näischt vun der Etzella zougelooss. Esou konnt d'Sparta den éischte Quarter mat 35:25 an den zweete Quarter mat 31:15 fir sech entscheeden. Deemno stoung et an der Paus scho 66:40 an d'Etzella hat eng schwéier Aufgab viru sech, sollte si nach e Wiertchen ëm d'Halleffinall matschwätze wëllen.
Mä d'Etzella sollt d'Sparta net ënner Drock setze kënnen. Am Géigendeel war et d'Sparta, déi de Match geréiert an dominéiert huet, soudatt d'Spillerinne vu Bartreng den drëtte Véierel mat engem Score vu 17:12 fir sech entscheede konnten. Eenzeg am leschte Véierel huet et de Bartrenger u Konzentratioun gefeelt, soudatt d'Etzella weise konnt, wat si eigentlech spille kënnen. Dowéinst konnten d'Spillerinne vun der Etzella dëse Véierel mat 23:17 gewannen. Allerdéngs gewënnt d'Sparta ouni gréisser Problemer a steet, op de ganze Match gekuckt, héichverdéngt am nächsten Tour.
Genee esou sécher konnt sech den Tabellenzweete Contern auswäerts beim Tabelleleschte vun Zolwer duerchsetzen. Um Enn fueren d'Gäscht vu Contern mat enger 86:52-Victoire heem a stinn domadder och an der Halleffinall vun der Coupe. An engem montere Match huet Contern d'Partie vun Ufank un dominéiert an der Lokalekipp keng Méiglechkeet ginn, fir a Féierung ze goen. Esou ass den éischte Véierel mat 28:20 zu Gonschte vun de Spillerinne vu Contern ausgaangen an och den zweete Véierel konnt Contern mat 17:12 fir sech entscheeden. Am drëtte Véierel huet den AB Contern nach eng Kéier voll opgespillt an huet dem Géigner kloer gemaach, wien haut als Gewënner vum Terrain goe wäert, andeems si dëse mat 22:11 gewannen. Am leschte Véierel huet Contern de Schong propper erofgespillt an d'Avance nach weider ausgebaut. De leschte Quarter gewanne si mat 19:9.
Deemno sinn e Mëttwoch déi zwee Favoritten ouni gréisser Problemer eng Ronn weiderkomm.