T71 Diddeleng muss sech mat 59:72 géint SL Benfica geschloe ginn

© RTL
Domadder verléiert Diddeleng 5 vu 6 Matcher am Grupp G a kënnt hei op déi leschte Plaz.
Nom Allersmatch a Portugal, wou et eng 69:84-Néierlag géint SL Benfica gouf, war et en Dënschdeg de Retourmatch zu Diddeleng. An och hei konnt d'Ekipp aus Portugal nees iwwerzeegen, dat mat enger 72:59-Victoire.
Nom éischte Véierel stoung et 15:18 zu Gonschte vu Benfica, sou dass d'Portugisinnen et dem T71 net einfach gemaach huet, dat direkt vun Ufank un. Ma dee Virsprong gouf radikal vu Benfica ausgenotzt a weider ausgebaut, sou dass den 2. Véierel mat engem knappen 18:19 ausgaangen ass. Fir d'Ekipp aus dem Minett war also nach alles dran, ma no der Paus ass et den Diddelenger net gelongen, e Véierel fir sech z'entscheeden, sou dass och déi 2 aner Véierel knapp un d'Dammen aus Benfica goungen, dat mat 14:16 an 12:19.
Um Enn verléieren d'Dammen also hire leschte Match vun der Gruppephas vum EuroCup am Dammebasket mat 59:72.

© RTL
Hei all d'Resultater vun T71 Diddeleng aus dem Grupp G
Namur – T71 60:72
T71 – Fribourg 84:94
SL Benfica – T71 84:69
T71 – Namur 52:89
Fribourg – T71 74:80
T71 - SL Benfica 59:72