Steesel ass no der Ettelbrécker Defaite neie Leader

© AFP-Archiv
Duerch eng 67:72-Néierlag fir d'Etzella géint de Basket Esch an eng kloer Victoire vu Steesel géint Zolwer steet d'Amicale elo eleng un der Tabellespëtzt.
E Sonndeg war am nationale Basketchampionnat bei den Hären den Ofschloss vum 14. Spilldag, bei den Damme war et den 13.
Häre
Am Duell géint d'Etzella konnt sech de Basket Esch mat enger 72:67-Victoire an der Tabell laanscht déi Ettelbrécker setzen. No engem ausgeglachenen éischte Véierel konnte sech déi Escher am zweete Véierel e klenge Virsprong opbauen. Dëse sollt da géint eng am grousse Ganze schwaach Ekipp vun Ettelbréck genuch sinn, fir de wichtege Match um Enn fir sech ze entscheeden.
Eng kloer Saach war et am Duell tëscht Steesel an Zolwer, wou sech d'Amicale op friemem Terrain mat 102:65 duerchsetzen an domat un d'Spëtzt vun der Tabell setze konnt. Vun Ufank un hat Steesel de Match ënner Kontroll, ouni d'Ekipp vun Zolwer zum Zuch kommen ze loossen. Schonn an der Hallschent vum Match stoung sou en Ecart vu 36 Punkten, dee bis zum Schluss net méi opzehuele war.
Eng kleng Iwwerraschung gouf et e Samschdeg bei der Victoire vum Gréngewald géint d'Residence Walfer. An der Sportshal zu Nidderaanwen huet sech d'Lokalekipp an enger ganz serréierter Partie mat 68:63 (15:15, 19:18, 18:17, 16:13) behaapte kënnen. Eréischt an de leschten 20 Sekonnen huet Hueschtert de Match duerch zwee Fräiwërf fir sech kënnen entscheeden a konnt duerno souguer nach erhéijen.
Am Match Fiels géint d'Sparta Bartreng goung et ëm wichteg Punkte fir an de Playoff ze kommen. Um Enn ka sech d'Fiels duerch eng gutt Performance an der zweeter Hallschent mat 84:68 (19:14, 20:23, 19:9, 26:22) duerchsetzen. D'Fiels hält d'Sparta mat dëser Victoire op Distanz a steet nom 14. Spilldag op Plaz 6.
E weidere Match, an deem et ëm d'Anzéien an d'Playoffs goung, war de Match tëscht Conter an de Musel Pikes. D'Heemekipp huet sech duerch eng staark Leeschtung no der Paus déi kloer Victoire verdéngt erausgespillt a gewënnt um Enn mat 95:71 (21:21, 18:18, 31:15, 25:17). Conter steet elo op Plaz 7 an der Tabell.
De 14. Spilldag gëtt um Sonndeg duerch d'Partien Esch géint Ettelbréck an Zolwer géint Steesel clôturéiert.
E Samschdeg den Owend war dann och d'Auslousung vun den Halleffinalle vun der Coupe de Luxembourg. Hei fannt Dir d'Partien.
Resultater Hären
Dammen
Bei den Damme gouf et e Sonndeg fir d'Etzella eng 85:75-Victoire géint d'Schlussliicht Zolwer. Déi Ettelbrécker Ekipp war gutt an de Match komm, krut vun de Gäscht am zweete Véierel awer eng Reaktioun gewisen. Bis zum Schluss vum Match ass Zolwer dru bliwwen, huet de Réckstand awer net méi op hir Säit gedréint krut. Um Enn bleift et domat bei der Victoire fir d'Etzella.
Fir den Tabelleleader Bartreng gouf et virun den eegene Spectateuren eng 90:72-Victoire géint de Basket Esch. Déi Escher hate kee gudde Start an de Match erwëscht an hunn hire Géigner fréi dervun zéie gelooss. An den zwee leschte Véierel krut ee sech dann zwar gefaangen, ma d'Sparta huet d'Féierung sécher iwwert d'Zäit bruecht an d'Partie domat fir sech entscheet.
An engem enke Match mussen d'Musel Pikes sech mat 71:74 (19:19, 9:20, 17:18, 26:17) géint de Gréngewald geschloe ginn. Béid Ekippe ware gutt an de Match gestart, mee am zweete Véierel hat de Gréngewald de Pikes d'Grenzen opgewisen a konnt sech den decisiven Ecart erausspillen. D'Ekipp vun der Musel huet an de leschten 10 Minutte wuel nach eng Kéier alles probéiert, et sollt um Enn awer net duergoen. Bescht Scorerinne bei de Pikes waren d'Mikayla Rose Ferenz (31 Punkten) an d'Leonie Edringer (23 Punkten). Fir de Gréngewald huet d'Dejza James (29 Punkte) am beschte markéiert.
Walfer hat beim 102:65 (22:17, 24:22, 25:9, 31:17) keng Probleemer mat Wolz a bleift an der Tabell mat enger Néierlag méi um Leader Conter drun.
Den AB Conter konnt nämlech mat 72:52 (14:11, 28:17, 18:12, 13:12) bei der Amicale Steesel duerchsetzen a bleift Éischten an der Tabell. D'Gäscht hate sech an den éischten dräi Véierelen eng komfortabel Avance erausgespillt a konnten et an de leschten 10 Minutte méi gemächlech ugoen. D'Francesca Wurtz (27 Punkten) war op der Säit vu Conter mat Ofstand déi bescht Scorerin an huet och 20 Rebounds gesammelt.
Déi lescht Matcher vum 13. Spilldag ginn um Sonndeg tëscht Ettelbréck an Zolwer souwéi tëscht der Sparta Bartreng an dem Basket Esch gespillt.