En Donneschdeg steet nach déi drëtten a leschte Partie vun dësem Spilldag tëscht der Red Boys an Diddeleng um Programm.

Am Duell tëscht dem Tabellenéischten Esch an dem zweete Käerjeng huet den HB Käerjeng mat 27:25 gewonnen. Domadder huet den Handball Esch am leschte Match vum Joer säin 1. Match vun der Saison verluer.  De Spëtzematch war schonn déi éischt Hallschent ganz serréiert. D'Gäscht waren 14:13 no 30 Minutten am Avantage, obscho mat Rahim a Vukicevic zwee wichteg Spiller gefeelt hunn.Bei Esch hat virun allem bis d'Paus de Martin Muller erausgestach mat 5 Goler.

Nom Säitewiessel ass de Match ganz intensiv a spannend bliwwen. An der Schlussphas huet de Champion géint e puer Arbitter Decisioune reklaméiert, mee virun allem huet d'Lokalekipp e puer einfach, mee decisiv Bäll net erakrut. Fir Esch huet de Martin Muller déi meescht Goler markéiert an zwar 8, beim Gewënner Käerjeng war et den Armin Zekan mat 7 Goler. An der Tabell huet Esch weider 17 Punkte virun Käerjeng mat 14 Punkten an dat mat engem Match manner.

Um Mëttwoch du kruten déi Bierchemer Besuch vun Dikrech. Séier war kloer, datt Bierchem dës Punkten doheem hale wollt, well no 15 Minutte ware si schonn 10:1 am Avantage. Déi Differenz konnte si du bis d'Paus nach op 18:8 erhéijen. Dikrech krut och am Ufank vun der zweeter Hallschent den Ecart net méi kleng, esou datt dësen op 25:10 no 40 Minutten ugewuess ass. Dono hat Dikrech eng kuerz Phas, wou si op 29:17 verkierze konnten ma an de leschten 10 Minutten hunn déi Bierchemer nees en 8:2 higeluecht an de Match kloer mat 37:19 fir sech entscheet.

En Donneschdeg waren et d'Red Boys Déifferdeng déi op den HB Diddeleng getraff sinn. Béid Ekippen hu sech näischt geschenkt a louchen laang Phasen iwwer vun de Goler hier no beieneen. An der Paus stoung et awer no enger besserer Schlussphas 20:16 fir Déifferdeng. An och no der Paus blouf et spannend an Diddeleng koum souguer nach op ee Punkt un Déifferdeng erun. Schlussendlech ass de Match 30:29 fir Déifferdeng ausgaangen.

Ee Match muss nach nogespillt ginn. Aktuell gëtt et um Site vun der FLH awer nach kee Datum fir d'Partie Déifferdeng-Käerjeng.

Spillplang Hären R2

Relegatioun Hären

Spillplang Dammen