Knapp Saach tëscht Zolwer a Steesel, Gréngewald wënnt Spëtzematch géint Walfer

© AFP
Um Mëttwoch war d'Suitte vum 14. Spilldag am Dammebasket. Den Optakt en Dënschdeg hat Conter doheem mat 76:66 géint d'Musel Pikes scho gewonnen.
Um 19 Auer stounge sech du Gréngewald-Hueschtert an d'Résidence Walfer géintiwwer. D'Gäscht konnten den éischte Véierel nach mat 18:11 gewannen, ma Hueschtert huet an den zweeten 10 Minutten ganzer 28 Punkte gemaach an der just 8 zougelooss. Esou si si mat engem Avantage vun 39:26 an d'Paus gaangen. Am drëtte Véierel konnte si hir Avance nach ëm 1 Punkt ausbauen (21:20) ma am leschte Quarter waren et d'Damme vun de Résidence, déi de Match nees an d'Hand geholl hunn. Si konnten dëse mat 25:17 gewannen, ma et sollt awer net méi duergoen, fir de Match nees ze dréinen. Esou gewënnt de Gréngewald-Hueschtert doheem knapp mat 77:70.
Ëm déi selwecht Zäit hunn zu Zolwer d'Damme vum AS d'Amicale vu Steesel empfaangen. Wat nom éischte Véierel fir eng kloer Saach fir Steesel ausgesinn huet, 20:33 ware si am Avantage, huet sech lues a lues zu engem Krimi entwéckelt. D'Damme vun Zolwer konnten virun der Paus op 42:52 verkierzen an nom Téi huet d'Amicale den Ecart vun 10 Punkte bei engem 12:12 gehalen. Esou goung et mat 54:54 an déi lescht 10 Minutten. Déi konnten d'Damme vun Zolwer mat 25 Punkte fir sech entscheeden, ma déi 16 vu Steesel sinn duergaangen, fir datt d'Gäscht zum Schluss ganz knapp 80:79 zu Zolwer gewannen.
Um 20 Auer goufen dann déi zwou lescht Partie vun dësem Spilldag ugepasst. Wolz krut et doheem mam T71 ze dinn an dobäi ass d'Heemekipp gutt an de Match gestart a war nom éischte Quarter 22:21 vir. Diddeleng konnt virun der Paus awer de Match dréinen, esou datt bei 42:34 fir d'Gäscht d'Säite gewiesselt goufen. Nom Téi war et dunn nees un den Diddelenger, déi eleng an dësem Saz en Ecart vun 19 Punkte gemaach hunn (32:13) an esou mat engem groussen Avantage an déi lescht 10 Minutte gaange sinn. Dee konnte si weider ausbauen, mat engem Score vun 29:22 an esou wannen d'Damme vun Diddeleng zum Schluss kloer mat 103 op 69 zu Wolz.
An der leschter Partie vum Dag krut et Esch doheem mat der Etzella vun Ettelbréck ze dinn. An den éischten 20 Minutte war et eng knapp Affär, Esch konnt déi zwee éischt Véierel eng Kéier op 2 Punkten (17:15) an eng Kéier op 1 Punkt (16:15) gewannen, esou datt et an d'Paus mat engem knappen 33:30-Avantage fir d'Heemekipp goung. Déi koum awer dunn däitlech besser aus de Vestiairen an huet am drëtte Véierel e 35:16 erausgespillt, esou datt si dunn an déi lescht 10 Minutte mat engem confortabele 68:46 gaange sinn. Am leschte Véierel hunn déi Ettelbrécker Dammen zwar hir beschten Offensiv mat 21 Punkte gespillt, awer konnten déi Escher hiren Avantage nach liicht ausbauen a wanne wéinst engem staarken drëtte Véierel kloer mat 92:67.