Luka Doncic liwwert historesch Show of

© SID/TIM HEITMAN
De slowenesche Basketballer huet an der Partie vu sengen Dallas Mavericks géint d'New York Knicks en Dënschdeg NBA-Geschicht geschriwwen.
Als éischte Spiller ass him en Triple-Double mat 60 Punkten an iwwer 20 Rebounds gelongen. Mat 60 Punkten, 21 Rebounds an 10 Assists huet en de Wilt Chamberlain iwwertraff, deen 1968 de leschten Triple-Double mat iwwer 50 Punkten an 20 Rebounds realiséiert hat. Domadder huet hien och de Mavericks interne Punkterekord an engem Match gebrach. Deen hat bis ewell den Dirk Nowitzki mat 53 Punkten.
Iwwregens gewannen duerch dës Meeschterleeschtung seng Dallas Mavericks an der Verlängerung mat 126:121 géint d'New York Knicks.