Um Samschdeg Owend konnt sech bei den Hären d'Amicale am Spëtzematch géint de Basket Esch duerchsetzen.

Um Sonndeg huet d'Etzella Ettelbréck sech souwuel bei den Dammen wéi och bei den Hären misse geschloe ginn.

Bei den Dammen huet sech d'Sparta Bartreng mat 88:68 bei der Ettelbrécker Etzella duerchgesat. D'Häre vun Ettelbréck hu mat 89:96 géint d'Fiels verluer.

Hären

Am Spëtzematch vum Spilldag tëscht der Amicale an dem Basket Esch huet Steesel staark ugefaangen a sech an den éischten 10 Minutten eng Féierung vun 10 Punkten erausgespillt. Duerno hunn déi Escher awer besser an de Match fonnt an de Réckstand bis zur Paus op 4 Punkte verkierzt. Dat sollt sech awer net fortsetzen, an esou huet d’Amicale no der Halbzeit nees d'Kontroll iwwerholl an ass mat 17 Punkten Avance an de leschte Véierel gaangen. Hei sollt Esch nach eemol méi no erukommen, et sollt awer net méi duergoen, fir den Ausgang vun der Partie ze änneren, soudass Steesel sech mat 95:80 (30:20, 20:26, 24:11, 21:23) duerchsetzt.

D’Résidence Walfer verléiert een animéierte Match géint den AB Conter mat 95:111 (31:31, 21:29, 22:20, 21:31). No ausgeglachenen éischten 10 Minutten war Conter am zweete Véierel besser an ass mat 8 Punkten Avance an d’Vestiaire gaangen. Am zweeten Duerchgang konnt Walfer dëse Réckstand net méi ophuelen an hunn d’Visiteuren um Enn missen dovun zéie loossen.

Wärend de Gréngewald beim T71 nach bis zur Paus gutt matgehalen huet, hunn déi Diddelenger dem Opsteiger dono keng Chance méi gelooss. Den T71 entscheet d’Partie domadder souverän mat 87:73 (29:25, 13:12, 25:13, 20:23) fir sech.

D’Sparta klappt den Tabelleleschten aus Hiefenech mat 102:85 (24:24, 30:16, 27:25, 21:20). Iwwer dräi Véierel war d’Partie zu Bartreng relativ ausgeglach, virun der Paus huet d’Sparta sech allerdéngs ee Virsprong vu 14 Punkten erspillt, deen Hiefenech bis zum Enn net méi ophuele konnt.

D’Musel Pikes hunn iwwerdeems no engem staarken drëtte Véierel mat 70:60 (21:21, 12:15, 24:8, 13:16) géint Zolwer gewonnen.

Um Sonndeg huet d'Etzella mat 89:96 (21:29, 26:18, 18:22, 24:27) géint d'Fiels verluer. Am éischte Véierel hunn d'Gäscht kloer dominéiert. D'Etzella huet am 2. Véierel awer reagéiert, soudass et mat 47:47 an d'Paus gaangen ass. Nom Säitewiessel hat d'Fiels nees liicht méi vum Spill. Am 4. Véierel ass et bis zum Schluss spannend bliwwen, d'Gäscht konnten de knappe Virsprong awer halen.

Resultater Hären

Dammen

Och bei den Dammen ass et e Samschdeg zum Spëtzematch tëscht dem T71 Diddeleng an dem Gréngewald komm. Den T71 ass net gutt an de Match komm an hat nom éischte Véierel schonn 18 Punkten opzehuelen. An der Paus war et dann ee ganz iwwerraschende Réckstand vu 25 Punkten. An der Suite sinn déi Diddelengerinnen zwar besser ginn, ma et huet zu kengem Zäitpunkt dono ausgesinn, wéi wann d’Partie nach kéint gedréint ginn. Um Enn heescht et domat 53:81 (12:30, 13:20, 17:15, 11:16), woumat den T71 den éischte Match an dëser Saison verléiert.

D’Résidence Walfer setzt sech doheem mat 84:70 (23:18, 22:18, 14:19, 25:15) géint den AB Contern duerch. No enger gudder éischter Hallschent vu Walfer ass et mat enger relativ komfortabeler Avance vun 9 Punkten fir d’Lokalekipp an d’Paus gaangen. Dunn ass Conter zwar nach eemol erukomm, am leschte Véierel huet d’Résidence awer näischt méi ubrenne gelooss.

Zu Steesel behaapt d’Amicale sech mat 74:62 (16:14, 18:17, 23:14, 15:19) géint Esch. Et war laang ee serréierte Match a keng vu béiden Ekippe konnt sech ofsetzen, soudass et just mat enger Avance vun 3 Punkte fir Steesel an d'Kabinne gaangen ass. Am drëtte Véierel huet d’Lokalekipp dunn dominéiert a sech ee grousse Virsprong erschafft, deen déi Escher Spillerinnen net méi ophuele konnten.

D’Musel Pikes hu géint Zolwer besser an d’Partie fonnt an hate sech bis zur Hallschent eng Féierung vun 8 Punkten erspillt, och wa béid Ekippen net vill getraff hunn. D'Spillerinne vun Zolwer sinn allerdéngs däitlech verbessert aus de Vestiaire komm, soudass et punktgläich an de leschte Véierel gaangen ass. Och hei huet den Tabelleleschten awer d’Iwwerhand behalen a wënnt domadder 67:60 (13:18, 14:17, 20:12, 20:13) op der Musel.

Um Sonndeg huet d'Sparta mat 88:68 (18:19, 18:15, 28:17,24:17) zu Ettelbréck d'Iwwerhand behalen. An der éischter Hallschent war de Match tëschent béiden Ekippen nach ausgeglach. Nom Säitewiessel waren d'Gäscht méi effektiv am Ugrëff. Um Enn hu si sech verdéngt mat engem Ecart vun 20 Punkten duerchgesat.

Resultater Dammen