FC Una StroossenDiogo Pimentel huet fir 3,5 Joer ënnerschriwwen
Aus dem nationale Futtball ass et d'Nouvelle, datt den Nationalspiller Diogo Pimentel vun der Escher Fola op Stroossen wiesselt.
Verëffentlecht: 14.01.23 07:04, Update: 04.12.25 11:04
Dat huet den neie Veräin vum 25 Joer ale Mëttelfeldspiller e Freideg den Owend wësse gedoen. De Pimentel war zanter 2020 zu Esch a war d'lescht Saison an Dänemark geléint.