Tour de France 2027Presentatioun vum TDF Hären an TDF Dammen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg um 11:00 Auer ass zu Paräis am Palais des Congrès déi offiziell Presentatioun vum Tour de France 2027. Sidd op RTL.lu LIVE mat dobäi.

Déi 114. Editioun vum Tour de France bei den Hären an déi 6. Editioun vum Tour de France bei den Damme gi presentéiert. 2027 gëtt eng speziell Editioun fir de Vëlossport: Fir d'éischte Kéier starten déi zwou Courssen am selwechte Joer am selwechte Land ausserhalb vu Frankräich. Souwuel d'Hären ewéi d'Damme starten hir Course mat dräi Etappen am Vereenegte Kinnekräich.

Den Depart vum Tour de France bei den Häre fält de Freideg, den 2. Juli 2027, zu Edinburgh a Schottland. Déi éischt dräi Etappe féieren duerch Schottland, England a Wales. D'Arrivée vum Tour ass de 25. Juli wéi gewinnt zu Paräis.

Den 30. Juli ass dann den Depart vun der sechster Editioun bei den Dammen, 2027 mam Depart zu Leeds an England.

Op RTL.lu an op der App gëtt de Livestream* vun der Presentatioun gewisen.

*De Livestream ass aus rechtleche Grënn geoblockéiert, dat heescht, en ass just zu Lëtzebuerg ze kucken.

Tour de France

Mëttwoch, 30. Juni: Ekippe-Presentatioun vum Tour de France 2027
1. Etapp (Freideg, 2. Juli 2027): Edinburgh → Carlisle (184 km)
2. Etapp (3. Juli 2027): Keswick → Liverpool (223 km)
3. Etapp (4. Juli2027) : Welshpool → Cardiff (223 km)

Tour de France Dammen

1. Etapp (Freideg, 30. Juli 2027): Vu Leeds op Manchester (85,7 km, flaach bis hiwweleg, iwwer d'Pennines)
2. Etapp (31. Juli 2027): Vu Manchester op Sheffield (154,4 km mat knapp 3.000 Héichtemeter)
3. Etapp (1. August 2027): Zu London (18 km, Ékippenzäitfueren duerch d'Haaptstad, laanscht bekant Monumenter wéi d'Tower Bridge an de London Eye).

Back to Top
CIM LOGO