
© Christophe Jost
Bei den Damme war et en immens spannende Match tëscht der Résidence Walfer an dem Basket Esch, deen um Enn zu Gonschte vun den Escher Dammen ausgeet.
Dammen
T71 Diddeleng - AS Zolwer 82:60
Den T71 huet mat 22 Punkten Avance géint d'AS Zolwer gewonnen. Just am leschte Véierel konnt Zolwer e Punkt méi markéiere wéi déi Diddelenger, déi deen Ament awer schonn e komfortabele Virsprong haten.
Amicale Steesel - Etzella Ettelbréck 104:55
D'Amicale Steesel huet d'Damme vun der Ettelbrécker Etzella reegelrecht ausernee geholl. Anescht kann een e Score vun 104:55 bal net beschreiwen.
Résidence Walfer - Basket Esch 85:88
An engem spannende Match bis déi lescht Sekonne ass et um Enn d'Ekipp vun Esch, déi sech géint Walfer ka behaapten.
Musel Pikes - Sparta Bartreng 57:72
D'Sparta vu Bartreng konnt virun allem duerch a staarken drëtte Véierel géint d'Musel Pikes en Ecart opbauen a wënnt mat 72:57.
LBBL Dammen 1. Tour
Hären
T71 Diddeleng - AS Zolwer 89:66
Déi Diddelenger Häre maachen den Dammen et no a behaapte sech och mat engem änleche Score géint den AS Zolwer.
Amicale Steesel - Sparta Bartreng 73:77
Am Hall Omnisport Alain Marchetti zu Steesel war et bis zum Schluss spannend, ma d'Heemekipp hat um Enn kee Grond ze feieren. War d'Amicale am 1. Véierel nach mat 22:16 a Féierung, sou konnt d'Sparta duerch gutt Leeschtungen am 2. an 3. Véierel de Match dréinen. Eréischt ganz zum Schluss fält d'Decisioun zu Gonschte vu Bartreng.