An engem spannende Match konnt sech Bartreng an Overtime mat 69:66 géint Conter behaapten an d'Etzella huet dem BBC Gréngewald keng Chance gelooss.
E Samschdeg sinn an der Coupe déi éischt zwou Halleffinalle bei den Dammen a bei den Häre gespillt ginn.
Bei den Häre huet d'Etzella Ettelbréck de BBC Gréngewald-Hueschtert mat 104:50 iwwerrannt. No méi oder manner ausgeglachenen Ufanksminutten sinn déi Ettelbrécker schonn am éischte Véierel ëmmer méi dervu gezunn. Dat och well de dem BBC hei nëmmen 11 Punkte gelonge sinn. Virun allem den Timothy Lamont Bond Jr., Philippe Gutenkauf an de Criston lamar Mallory hunn och am zweete Véierel weider fläisseg fir d'Etzella Punkte gesammelt, sou datt schonn an der Hallschent vun der Partie e Score vun 61:23 géint iwwerfuerdert Géigner um Panneau stoung. Am drëtte Véierel huet den Trainer Gavin Alexander Love seng Ekipp da gutt duerch gemëscht, ma och hei haten déi Ettelbrécker weider d'Iwwerhand. Um Enn séchert sech d'Etzella mat enger verdéngter a klorer Victoire den éischten Ticket fir d'Finall den 18. Mäerz.
De Géigner vun den Ettelbrécker gëtt e Sonndeg um 17.30 Auer an der Partie tëscht dem T71 Diddeleng an dem Basket Esch ermëttelt.
An engem serréierte Match an der Coque konnt sech de Sparta Bartreng an Overtime mat 69:66 géint den AB Contern duerchsetzen. Bartreng war mat staarke 24 Punkte gutt an de Match komm, woubäi virun allem d'Martha Ann Burse an d'Jovana Jaskic e groussen Undeel haten. No engem éischter schwaachen, awer ausgeglachenen zweete Véierel konnt am drëtte Véierel den AB Contern rëm e Stéck opschléissen an d'Spannung domat an der Partie um Liewe loossen. Bis zum Schluss war d'Sortie vum Match oppen, eng Decisioun sollt et no dramatesche leschte Sekonnen nach net ginn. D'Francesca Rose Wurtz hat den AB Contern eng Minutt viru Schluss mat engem Dräier-Schoss dräi Punkten a Féierung bruecht, no dräi genotzte Fräiwërf vum Jovana Jaskic e puer Sekonne virum Enn ass et mat engem Score vu 56:56 an Overtime gaangen. Do huet Bartreng déi besser Nerve gewisen a séchert sech sou mat enger 69:66-Victoire den éischten Ticket fir d'Finall. Mat 39 Punkten war d'Jovana Jaskic déi bescht Spillerin um Terrain.
An der zweeter Halleffinall e Sonndeg um 15.00 Auer entscheet sech dann tëscht dem T71 Diddeleng an dem BBC Gréngewald-Hueschtert den zweete Finalist.