E Freideg den Owend ass am Härebasket den 18. Spilldag vum Championnat gespillt ginn, wärend bei den Dammen eng Partie nogeholl ginn ass.

Hären

Am Spëtzematch vum Spilldag koum et zur Neioplag vun der Halleffinall an der Coupe de Luxembourg tëscht dem Basket Esch an dem T71. Obwuel déi Escher virun allem duerch den Jordan Hicks besser an de Match komm sinn, huet Diddeleng sech no an no gesteigert a louch nom éischte Véierel mat 3 Punkte vir. Dono huet Esch awer nees d'Kontroll iwwerholl, an esou ass et och mat enger knapper Féierung fir d'Lokalekipp an d'Kabinne gaangen.

Am zweeten Duerchgang huet de Basket Esch dem T71 du keng Chance gelooss. Ënner anerem duerch staark Leeschtunge vum Clancy Rugg an dem Alexandre Rodenbourg ass et mat enger komfortabeler Avance vu 14 Punkte fir d'Haushären an de leschte Véierel gaangen. Um Enn heescht et 74:56 (16:19, 21:16, 22:10, 15:11) fir de Basket Esch, deen domat mat engem Match méi wéi d'Amicale eleng un der Tabellespëtzt steet.

Ee serréierte Match tëscht der Fiels a Walfer konnt d'Arantia no engem staarke leschte Véierel mat 91:84 (18:22, 18:19, 26:24, 29:19) fir sech decidéieren.

D'Sparta huet de Musel Pikes zu Bartreng keng Chance gelooss a sech an engem animéierte Match souverän mat 106:91 (36:17, 30:24, 20:31, 20:19) behaapt.

Conter huet d'Partie géint den Tabelleleschten aus Hiefenech um Enn knapp mat 78:70 (14:16, 28:14, 19:20, 17:20) gewonnen.

Am Duell vun den Opsteiger konnt Zolwer sech wéinst enger gudder zweeter Hallschent mat 87:78 (21:21, 11:20, 21:11, 34:26) géint de Gréngewald duerchsetzen.

D'Partie tëscht der Etzella an der Amicale Steesel konnt iwwerdeems wéinst 3 positive Coronafäll bei deenen Ettelbrécker net ausgedroe ginn.

Resultater Hären

Dammen

Bei den Dammen ass iwwerdeems de Match tëscht dem Gréngewald an dem AB Contern vum 7. Spilldag nogeholl ginn. No engem staarken éischte Véierel huet d'Lokalekipp an der Suite e wéineg nogelooss, um Enn geet et awer duer fir eng 69:62 (31:18, 7:15, 18:16, 13:13)-Victoire. Domat spréngt de Gréngewald mat engem Match méi wéi den T71 un d'Tabellespëtzt.

Resultater Dammen