
© RTL / Gilles Tricca
No 60 Minutte steet en 29:26 um Tablo. Bierchem hat beim 37:19 zu Dikrech keng Probleemer. Bei den Damme gouf et kloer Victoirë fir d'Favoritten.
A béide Kategorië war et den zweete Spilldag vum Titel-Playoff.
Axa League Hären
De Spëtzematch tëscht dem HB Esch an dem HB Diddeleng geet mat 29:26 un d'Ekipp aus der Minettemetropol. An der éischter Hallschent war de Match ganz serréiert a keng Ekipp konnt sech ofsetzen, soudass et mat 13:12 aus der Siicht vun den Escher an d'Kabinne goung. No der Paus hat et ausgesinn, wéi wann Diddeleng fir eng Iwwerraschung suerge kéint, trotz enger rouder Kaart fir de Cosanti, mee Esch huet sech lues a lues nees erugekämpft an dräi Minutte viru Schluss alles kloer gemaach. Déi meescht Goler goungen op de Kont vum David Ojie Etute (7 Goler) op Diddelenger a vum Jacques Tironzelli (6 Goler) op Escher Säit.
Den HC Bierchem feiert seng zweet Victoire am Playoff a setzt sech kloer mat 37:19 zu Dikrech duerch. Déi Dikrecher hunn an der éischter Hallschent gutt matgehalen an haten an der Paus just e Réckstand vu fënnef Goler (11:16). Direkt nom Säitewiessel ass Bierchem awer dervu gezunn, soudass déi kloer Victoire och verdéngt ass.
Um Freideg hat sech Käerjeng mat 31:29 bei der Red Boys Déifferdeng duerchgesat.
An der Relegatioun fir den Opstig huet sech Réiden mat 29:27 géint Bieles duerchgesat, Péiteng hat beim 44:22 beim Museldall keng Probleemer a Rëmeleng setzt sech kloer mat 32:22 géint den HC Standard duerch.
De Match tëscht Miersch a Schëffleng gëtt um Sonndeg gespillt.
Spillplang Häre Playoff
Relegatioun Hären
Axa League Dammen
Den Tabellenéischten Diddeleng hat keng Probleemer beim 28:15 zu Esch a konnten hirem neien Trainer Yannick Archer direkt eng Victoire a sengem éischte Match schenken. Schonn an der Paus louchen d'Diddelengerinne mat 14:6 vir an hunn dëse Virsprong och an den zweeten 30 Minutte verwalt. Déi meescht Goler goungen op de Kont vun der Diddelengerin Ninon Faustine Pora (6 Goler).
Och den Tabellenzweete Käerjeng huet beim 34:11 dem Chev Dikrech kloer d'Grenzen opgewisen. Nodeems Dikrech an der éischter Hallschent aacht Goler gelonge waren, hu si an den zweeten 30 Minutte just nach dräi weiderer geschoss. Beschte Marqueur war d'Tina Welter vum HBK mat 12 Goler.
Am drëtte Match vum Spilldag huet d'Red Boys Déifferdeng mat 32:21 beim HB Museldall gewonnen. D'Lokalekipp konnt bis zur 50. Minutt mathalen, huet duerno awer den Uschloss verluer.