Am nationalen Handball-Championnat war e Freideg den Owend bei den Hären den Optakt vum 2. Spilldag vum Titel-Playoff.

Axa League Hären

Nodeems béid Ekippen hiren éischte Match vum Titel-Playoff gewonnen haten, kruten d'Spectateuren zu Déifferdeng e Freideg den Owend ee spannende Match tëscht de Red Boys an dem HB Käerjeng gebueden. D'Gäscht vu Käerjeng konnten an der éischter Hallschent ëmmer nees a Féierung goen, ma d'Red Boys hunn awer ni den Uschloss verluer an ëmmer rëm ausgeglach. No ronn 20 Minutten ass d'Lokalekipp dunn déi éischte Kéier a Féierung gaangen, a mat 16:15 ass et dann och no enger hallwer Stonn an d'Vestiaire gaangen.

D'Red Boys konnten dës Avance och am zweeten Duerchgang laang verdeedegen, ma och déi Käerjenger konnte vun den Haushären net distanzéiert ginn. Sou konnte si ronn 15 Minutte viru Schluss nees d'Féierung iwwerhuelen. Tëschenzäitlech louchen d'Visiteuren du mat 3 Goler vir, an dës Avance sollte si bis zum Enn net méi hierginn. D'Red Boys musse sech domat no engem serréierte Match mat 29:31 géint den HB Käerjeng geschloe ginn.

Spillplang Häre Playoff

Relegatioun Hären

Axa League Dammen

Spillplang Damme Playoff