Sechs Hären a sechs Damme waren e Sonndeg um Depart vum Eurocross.
Den Organisateur, de CELTIC Dikrech hat Pech, dass hir Manifestatioun de selwechten Dag stattfonnt huet, wéi d'europäescht Cross-Clubchampionnat a Spuenien.
Hei ware souwuel bei den Häre wéi och bei den Dammen de Celtic an d'Fola mat am Ganze 16 Leefer respektiv Leeferinnen um Depart.
Zu Dikrech war mam Julien Denis, déi eenzeg staark Dame aus dem Ausland am Asaz. D'Zäite wou vill auslännesch Leefer a Leeferinnen um Eurocross deelgeholl hunn, schéngen eriwwer ze sinn. D'Leeferin aus der Belsch huet d'Course dominéiert. D'Sandra Lieners gouf 2. virum
Tekuam Bisetegn. An engem Mount ass d'Cross-Championnat zu Bieles an do wëll d'Leeferin aus dem Club vum Organisateur eng Roll spillen.
Och de Brudder, de Yannik Lieners, huet den Eurocross als eng Preparatioun fir d'Championnat betruecht. Zu Bieles wäert de Luc Scheller ee vu senge Konkurrente sinn. Den CSL-Athlet louch e Sonndeg vum Ufank bis zum Schluss un der Spëtz vun der Course.
Déi 52. Editioun vum Eurocross wäert als eng vun deene schwächst besaten an d'Geschicht agoen. Glécklecherweis hunn d'Kanner mat hirer Begeeschterung Liewen an den Eurocross bruecht.