Am Basket huet d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp en Donneschdeg an der Qualifikatioun fir d'EM 2023 géint Italien gespillt.

Fir d'Ekipp vum Trainer Mariusz Dziurdzia war et de fënnefte Match an der aktueller Campagne. Géint d’Nummer 16 an der Welt haten d’FLBB-Dammen den Allersmatch 48 op 82 verluer. Wéinst ville Blessure sollt awer och den Heemmatch an der Coque schwiereg gi fir d'Rout Léiwinnen.

Däitlech Néierlag fir d'FLBB Dammen 
Lëtzebuerger Dammennationalekipp haten géint Italien keng Chance.

D'Gäscht aus Italien hunn de Match dann och vun Ufank un dominéiert. Och wann den éischte Véierel mat 13:24 aus Lëtzebuerger Siicht opgehalen huet, war dësen nach verhältnisméisseg ausgeglach. An der Suite vum Match sollt den Ofstand zu den Italienerinnen nämlech nëmmen nach weider wuessen. D'Rout Léiwinnen hunn et net gepackt, sech duerchzesetzen an Italien hat däitlech méi Chancen an déi besser Defense. Deemno ass et mat 25:49 an d'Paus gaangen.

Net vill besser ass et an der zweeter Hallschent gelaf. Am drëtte Véierel huet sech de Réckstand nach weider ausgebaut op 43:74. Et war dunn och net verwonnerlech, dass d'Partie um Enn 51:109 fir Italien ausgaangen ass.

Trotz der héijer Néierlag um Donneschdeg geet et awer och nach e Sonndeg op Prestany géint d’Slowakei.