E Freideg den Owend waren d'Häre vun Diddeleng bei der Sparta op Besuch.

An d'Heemekipp ass besser an de Match komm a war nom éischte Véierel 21:17 am Avantage. Virun der Paus konnt den T71 awer op 41:42 verkierzen. Et war nom Téi awer, wou déi Diddelenger sech eng kleng Avance erausspille konnten, dat beim 22:15 fir si. An de leschten 10 Minutten konnte si den Ecart beim 27:20 nach ausbauen, esou datt si zum Schluss duerch eng staark Leeschtung no der paus 90 op 77 zu Bartreng gewanne konnten.