Am Basket huet d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp e Sonndeg hire leschte Match an der Qualifikatioun fir d'EM 2023 géint Slowakei gespillt.

Den Allersmatch haten d'Spillerinne ronderëm d'Mandy Geniets mat 57:77 an der Coque verluer. Am Retourmatch sollt d'Resultat vill méi däitlech ausfalen. D'Rout Léiwinne ginn um Enn mat 59:114 an der Slowakei ënner.

Huet d'Ekipp vum Nationaltrainer Mariusz Dziurdzia am 1. Quarter nach relativ gutt matgehalen (19:28), konnte si dem séiere Basket vun der Slowakei am 2. Véierel net méi matgoen. An der Paus louch d'FLBB-Formatioun mat 30:58 a Réckstand.

Virun allem d'Faith Etute an d'Esmeralda Skrijelj hunn an der Offensiv d'Spill u sech gerappt, mee géint eng physesch staark Ekipp aus der Slowakei war um Sonndeg den Owend kee Kraut gewuess. Wat de Match méi laang gedauert huet, wat et och fir d'Moral net méi einfach ginn ass, stoung et nom 3. Véierel dach schonns 47:93 aus Lëtzebuerger Siicht. Geniets, Etute a Co. hu wuel net opginn, mee mat liichte Ballverloschter hu si sech d'Liewe selwer schwéier gemaach. No 40 Minutte steet ënnert dem Stréch eng 59:114-Néierlag.

Am Grupp H steet d'Lëtzebuerger Dammennationalekipp no 5 Néierlagen an 1 Victoire (81:43 géint d'Schwäiz) um Enn op der 3. Plaz.

Fir d'Kapitänin Nadia Mossong war et iwwerdeems de leschte Match an hirer FLBB-Karriär. Déi 36 Joer al Spillerin vum T71 Diddeleng war 19 Joer laang fir d'Nationalekipp aktiv.