Um Enn setzt sech de Favorit verdéngt mat 88:75 duerch. De Leader Gréngewald huet et géint Zolwer dogéint spannend gemaach.

Am Basket-Championnat stoung bei den Dammen um Samschdeg de 19. Spilldag um Programm.

Dammen

Am Spëtzematch huet sech den T71 Diddeleng mat 88:75 (13:17, 23:20, 27:19, 25:19) géint d'Sparta duerchgesat.

D'Gäscht sinn awer besser an de Match gestart a konnten am 1. Véierel ëmmer eng kleng Avance halen. D'Martha Ann Burse war an der Offense iwwerall um Terrain ze fannen an huet virun der Paus net manner wéi 18 Punkte markéiert. Den T71 huet sech am 2. Quarter awer zréckgekämpft. Ënnert dem Impuls vum Mandy Geniets (10 Punkten) a Faith Ehi Etute (11 Punkten) konnt d'Heemekipp den Ecart bis an d'Paus op 1 Punkt verkierzen. Nom Säitewiessel ass bei der Sparta net vill zesumme gelaf an Diddeleng konnt mat engem 10:0-Laf dovunzéien. D'Gäscht hu sech awer weider druginn an de Retard virum leschte Véierel bei 7 Punkte gehalen. Am 4. Quarter waren déi éischt Minutte serréiert. D'Gäscht konnten net méi no kommen an Diddeleng huet hire knappen Avantage geréiert. 5 Minutte viru Schluss war Diddeleng mat 11 Punkte vir an huet dee Virsprong net méi hir ginn.

Den Tabelleleader Gréngewald huet et donieft spannend gemaach a sech doheem just knapp mat 86:84 (22:24, 26:19, 24:12, 14:29) géint Zolwer duerchgesat.

Wolz war dem Basket Esch doheem kloer mat 62:86 (15:26, 16:18, 13:22, 18:20) ënnerleeën.

D'Résidence Walfer konnt mat 103:82 (27:15, 25:19, 24:23, 27:25) géint d'Etzella gewannen.

D'Musel Pikes hunn doheem, trotz enger dominanter 1. Hallschent, no Overtime mat 81:88 (19:12, 26:19, 10:23, 14:15, 12:19) géint d'Amicale verluer.

Resultater Dammen