Mat enger klorer 91:54-Victoire zu Steesel ka sech den T71 duerchsetzen

Vun Ufank un hunn d'Damme vun Diddeleng den Toun uginn. An all Véierel, mat Ausnam vum drëtte wou si 21:22 verluer hunn, hunn d'Gäscht dominéiert (27:10, 23:13, 21:22, 20:9). Dobäi ware grad d'Mandy Geniets, wat 27 Punkte gemaach huet, an d'Nadia Mossong, wat 16 Punkten, 19 Rebounds an 8 Assists op sengem Compte huet, wichteg fir déi Diddelenger Victoire.