Diddeleng bleift weider Tabelleleader

© RTL (Archiv)
No der Victoire vun der Sparta géint Wolz um Samschdeg, ka sech den T71 mat 117:80 zu Ettelbréck duerchsetzen. De Gréngewald gewënnt och kloer géint Esch.
Den T71 Diddeleng hat um Sonndeg keng Probleemer beim 117:80 (30:15, 28:16, 33:21, 26:28) bei der EttelbréckerEtzella. An der Paus louch den Tabelleleader scho mat 27 Punkte vir a konnt deen Avantage kontinuéierlech ausbauen. Bescht Scorerinne vum Match waren d'Lianna Monet Tillman (30 Punkten) vun der Etzella an d'Taylor Jones (27 Punkten) vum T71.
De Gréngewald huet sech och keng Bléisst ginn a gewënnt kloer 99:73 (34:22, 28:22, 23:14, 14:15) beim Basket Esch.
De Véiertplacéierte Conter behaapt sech mat 93:80 (28:15, 31:23, 23:20, 11:22) zu Zolwer. D'Elisa Grissett huet mat 41 Punkte knapps d'Hallschent vun den 80 Punkte fir Zolwer geworf. Op der Säit vu Conter huet Francesca Wurtz déi meescht Punkte (38) markéiert.
Samschdeg
D'Sparta huet doheem géint Wolz vun Ufank un näischt ubrenne gelooss a kann de Match um Enn souverän mat 106:89 (36:21, 17:15, 36:26, 17:27) fir sech entscheeden. Schonn nom éischte Véierel haten déi Bartrengerinnen ee Virsprong vu 15 Punkten op den Tabelleleschten aus Wolz. Dee sollt sech bis zum Enn just nach vergréisseren, soudass d'Sparta déi 3. Plaz ka verdeedegen a just knapp hannert dem Gréngewald an dem T71 bleift.
D'Amicale muss sech doheem mat 63:89 (15:22, 23:26, 16:31, 9:10) géint Walfer geschloe ginn. D'Résidence huet de bessere Start an de Match erwëscht a konnt sech am éischte Véierel eng Féierung vu 7 Punkten erspillen, déi bis zur Paus nach op 10 Punkten eropgaangen ass. Am zweeten Duerchgang huet Steesel du guer net méi an de Match fonnt a Walfer konnt dovun zéien, soudass et um Enn ee klore Succès fir d'Résidence gëtt.