Am Gymnase vun der Coque huet d'Lëtzebuerger Härennationalekipp e Samschdeg ee Preparatiounsmatch géint Nanzeg aus der 1. franséischer Divisioun gespillt.

Nanzeg huet viru 750 Spectateuren de bessere Start erwëscht an ass mat enger Féierung vun 8 Punkten an den zweete Véierel gaangen. An engem spannende Gala-Match hunn d'Rout Léiwen den Uschloss awer net verluer, soudass et just mat engem knappe Réckstand (37:38) an d'Vestiaire gaangen ass. Am éischten Duerchgang haten néng lëtzebuergesch Spiller scho Punkte geschoss, dovun de Ben Kovac mat 8 déi meeschten.

Um Start vun der zweeter Hallschent konnt d'Lokalekipp du kuerzzäiteg d'Féierung iwwerhuelen, ma Nanzeg ass nees gutt zréckkomm a konnt mat enger Avance vun 3 Punkten an déi lescht 10 Minutte goen. Hei huet d'Ekipp aus der 1. franséischer Divisioun der Formatioun vum Ken Diederich du keng Chance méi gelooss, soudass de Preparatiounsmatch mat 72:91 op en Enn gaangen ass. Op Lëtzebuerger Säit hunn de Clancy Rugg (18), de Philippe Gutenkauf (14) an de Ben Kovac (13) déi meeschte Punkte geschoss.