
Beim Biathlon-Weltcup an Tschechien konnt sech d'Marte Olsbu Röiseland duerchsetzen.
Am Schi Alpin gouf et beim Super G zu Kvitfell an Norwegen ee Succès fir d‘Éisträicherin Cornelia Hütter. Um Podium stoungen och nach d'Italieenerin Elena Curtoni an d'Schwäizerin Lara Gut-Behrami.
Biathlon gouf zu Nove Mesto gefuer. Ouni Feeler konnt sech d'Norwegerin Marte Olsbu Röiseland virun hirer Teamkolleegin Ingrid Landmark Tandrevold an der Franséisin Anais Chevalier-Bouchet duerchsetzen.
Am meeschte gelies