Duerch d'Néierlag vu Konter steet Bartreng domat sécher an de Playoffs. An engem reegelrechte Krimi ka sech ausserdeem Steesel zu Walfer duerchsetzen.

Souwuel bei den Damme wéi och bei den Häre war et den Optakt vum zweet leschte Spilldag an der Qualifikatioun.

Bei den Hären entscheed sech tescht dem Gréngewald, Sparta a Konter wéi eng zwou Ekippen nieft Steesel, Diddeleng, Esch, Ettelbréck, Walfer an der Fiels de Sprong an d'Playoffs paken.

Sparta steet no der Victoire géint de Gréngewald sécher an de Playoffs. Verléiert Zolwer e Sonndeg géint Esch, wier och Konter ënnert deene beschten 8 Ekippen. De Gréngewald steet no der Néierlag am Playdown.

Hären

Konter verléiert no kenger gudder 1. Hallschent mat 88:95 (19:24 / 20:28 / 23:21 / 26:22) géint d'Fiels. Ass en nach relativ gutt an de Match komm, ass et der Fiels séier gelongen e klenge Virsprong op den AB eraus ze spillen.  Am zweete Véierel hat d'Lokalekipp dunn virun allem mam Jamison Overton Problemer. Defense stoung net kompakt genuch, an d'Arantia ass zu ze einfache Punkte komm, sou dass Konter an der Paus mat 13 Punkten a Réckstand louch.

Nom Téi sollten sech Wolzfeld a Co. vun enger besserer Säit weisen, mee et sollt net duer goen, fir der Fiels kennen e Been ze stellen. An der Offensiv war den AB ze ofhängeg vum Clayton Thomas, deen um Enn ganzer 45 Punkte geschoss huet. Et huet an der Offensiv un der néideger Ënnerstëtzung gefeelt. Bei der Fiels huet de Jamison Overton wuel och seng 42 Punkte markéiert, mee alles an allem huet et bei der Fiels besser gerullt. Fir Konter geet et de leschte Spilldag an der Qualifikatioun op Bartreng.

Am direkten Duell fir déi zweeten oppen Plaz am Playoff hat de Gréngewald Besuch vu Bartreng. Hei ka sech d'Sparta no engem intensiver Partie mat 78:69 (26:23 / 20:19 / 14:13 / 18:14) géint de Gréngewald duerchsetzen. Duerch déi gläichzäiteg Néierlag vu Konter steet Bartreng domat sécher an de Playoffs.

An de weidere Matcher gewënnt Hiefenech mat 77:74 (11:23 / 27:18 / 15:16 / 24:17) géint Musel Pikes. Spannend war et och zu Diddeleng. Den T71 ka sech no enger serréierter Schlussphase um Enn mat 76:75 (15:15 / 26:17 / 16:24 / 19:19) géint d'Etzella duerchsetzen.

De Match Walfer géint Steesel ass no 40 Minutten (91:91) an d'Overtime gaangen. Beandrockend, well Walfer an der Paus mat 31:51 a Réckstand louch. Um Enn verléieren si trotz groussem Wëllem mat 100:107 (14:25 / 17:26 / 32:15 / 28:25 / 9:16) géint Steesel.

Resultater Hären

Dammen

Am Spëtzematch tëscht dem Gréngewald an der Sparta goufen et zwou komplett ënnerschiddlech Hallschenten. Waren et virun der Paus nach d'Gäscht ënnert dem Impuls vum Jovana Jakic déi de Match dominéiert hunn a mat engem Virsprong vu 15 Punkten an d'Kabinne gaange sinn, sou sollt de Gréngewald am 3. Quarter erwëschen. D'Samantha Rae Logic an Lauren Van Kleunen si ganz aneschters opgetrueden an hunn an der Offensiv op emol getraff. Bei der Sparta ass dogéint net mei vill zesumme gelaf. Mat 33:14 gewënnt de Gréngewald den 3. Véierel, an huet aus engem 15 Punkte Réckstand bannent 20 Minutten e 4 Punkten-Virsprong realiséiert. D'Loft bei de Bartrenger Damme war an der Schlussphase definitiv eraus, sou dass d'Sparta beim Gréngewald mat 72:90 (25:19 / 25:19 / 14:33 / 8:22) verléiert.

An deenen anere Matcher setzt sech Diddeleng doheem mat 98:90 (28:23 / 30:24 / 17:15 / 23:28) géint Steesel duerch.

Esch klappt Conter mat 66:63 (11:14 / 19:20 / 22:9 / 14:20) a steet domat sécher am Playoff iwwerdeems Walfer (65:46 21:13 / 14:9 / 15:12 / 15:12) géint d'Pikes wannen.

Resultater Dammen