
© SID/JEFF PACHOUD
Déi amerikanesch Schifuererin Michaela Schiffrin huet de Riseslalom zu Are a Schweden gewonnen.
Et ass hir 86. Victoire an enger Weltcup-Course. Domadder egaliséiert si de Rekord vum Schwed Ingemar Stenmark aus dem Joer 1989.
Wéi dëse géigeniwwer der Noriichtenagence AFP sot, géif hien der Schiffrin den Erfolleg gënnen. Si hätt sech déi 86. Victoire verdéngt. Wa si géif gesond bleiwen, kéint si als éischt Athletin an der Geschicht vum Schi honnert Weltcup-Coursse gewannen.
Am meeschte gelies