Europa LeagueBenfica wënnt zu Mailand, Leverkusen klappt NK Celje

Theo Mersch
Och Sunderland a Lyon konnte sech fir den Optakt iwwer 3 Punkte freeën.
De Buteur Dodi Lukébakio an de Kapitän Fredrik Aursnes nom 1. Gol fir Benfica.
© MARCO BERTORELLO / AFP

An der Europa League am Futtball stoungen e Mëttwoch den Owend déi éischt Matcher vum 1. Spilldag an der Ligaphas um Programm. Benfica mam Leandro Barreiro konnt sech auswäerts bei AC Mailand duerchsetzen. Donieft goufen et ënner anerem 3 Punkte fir Leverkusen, Lyon a Sunderland.

Am San Siro huet AC Mailand sech mussen 0:2 géint Benfica Lissabon geschloe ginn. Béid Ekippe sinn déi 90 Minutten iwwer just seelen geféierlech virun de géigneresche Gol komm, Benfica louch awer duerch ee schéinen Ofschloss vum Lukébakio och vun der 16. Minutt un a Féierung. Kuerz nom Säitewiessel huet den Ex-Kölner Kaminski souguer nach een dropgeluecht, wourop déi offensiv harmlose Mailänner bis zum Schluss keng Äntwert fonnt hunn. De Leandro Barreiro gouf an der 70. Minutt agewiesselt a krut e puer Minutte viru Schluss eng giel Kaart.

Donieft huet Leverkusen sech doheem 2:0 géint NK Celje aus Slowenien duerchgesat. Den éischte Leverkusener Gol an der Kompetitioun war ee Selbstgol vum Seslar, deen de Ball no engem Corner an den eegene Gol deviéiert huet. D'Werkself war no der fréier Féierung déi besser Ekipp an hat eng Rei gutt Chancen, ma och den Underdog ass e puermol geféierlech virun den däitsche Gol komm. Eng Véierelsstonn viru Schluss konnt de Medina dunn no engem weidere Corner per Kapp den 2:0 markéieren, woumat d'Partie entscheet war.

Lyon hat auswäerts géint Anderlecht een excellente Start an de Match erwëscht a louch schonn no 20 Minutten duerch Goler vun Nartey an Nakamura mat 2:0 a Féierung. D'Belsch hunn awer nom Réckstand d'Kontroll vum Match iwwerholl a sinn am Laf vum zweeten Duerchgang ëmmer besser ginn, soudass de Cvetkovic eng hallef Stonn viru Schluss verkierze konnt. Lyon konnt déi 2:1-Féierung um Enn awer iwwer d'Zäit retten a sech sou déi éischt 3 Punkte sécheren.

An hirem éischte Match an enger europäescher Kompetitioun zanter 53 Joer konnt Sunderland sech duerch en Eelefmeter vum Le Fée 1:0 géint AZ Alkmaar behaapten. D'Hollänner hate méi vum Match an hunn eng ganz Rei Chancë leie gelooss, ma um Enn ass et trotz gudder Leeschtung net fir ee Punkt duergaangen.

En Donneschden den Owend ass d'Suite vum 1. Spilldag, ënner anerem mat den Dueller Real Sociedad géint Bournemouth a Besiktas Istanbul géint Marseille.


All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Europa League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO