Am nationale Basket-Championnat ass e Samschdeg den Owend bei den Dammen a bei den Hären de leschte Spilldag vun der regulärer Saison gespillt ginn.

Hären

Am Spëtzematch tëscht Steesel an dem T71 Diddeleng gouf et mat 83:78 (32:16, 10:16, 20:25, 21:21) ee knappe Succès fir d'Amicale. Mat enger staarker Leeschtung am éischte Véierel konnt Steesel sech ee Virsprong vu 16 Punkten erausspillen, deen den T71 bis zum Schluss net méi sollt ophuele kënnen. Domat séchert sech den aktuelle Champion déi 1. Plaz am Klassement vun der regulärer Saison, wärend Diddeleng wéinst der Victoire vun Esch 3. gëtt.

Basket: Amicale Steesel klappt den T71 Diddeleng
Am Spëtzematch vum nationale Basketchampionat bei den Häre gouf et eng 5-Punkte-Victoire fir d'Heemekipp.

De Basket Esch huet Hiefenech nämlech beim 90:74 (18:11, 26:29, 19:10, 27:24) keng Chance gelooss an zitt soumat op der 2. Plaz an d'Playoffs an.

D'Sparta huet zu Bartreng ganz däitlech mat 115:74 (31:22, 27:18, 28:12, 29:22) géint Conter gewonnen. D'Bartrenger landen domat op der 6. Plaz vum Klassement, well d'Musel Pikes d'Résidence Walfer mat 88:76 (30:19, 25:16, 14:20, 19:21) geklappt hunn.

D'Etzella huet d'Partie géint de Gréngewald103:85 (24:19, 16:22, 46:20, 17:24) souverän fir sech entscheet, ma déi 4. Plaz fir d'Ettelbrécker stoung scho virum Spilldag fest. Och d'Arantia konnt sech zwar mat 101:77 (26:18, 26:18, 24:15, 25:26) géint Zolwer behaapten, d'Arantia wosst awer scho virun der Partie, dass si op Plaz 5 lant.

Doraus ergi sech folgend Matcher fir d'Playoffs:
Amicale Steesel - AB Contern
Basket Esch - Résidence Walfer
T71 Diddeleng - Sparta Bartreng
Etzella Ettelbréck - Arantia Fiels

Resultater Hären

Dammen

Den T71 huet bei de Musel Pikes näischt ubrenne gelooss a mat 82:64 (28:19, 15:16, 20:19, 19:10) gewonnen. Domat séchere sech déi Diddelengerinnen déi 1. Plaz am Klassement an d'Pikes bleiwen op Plaz 8.

D'Etzella huet sech géint de Gréngewald wéinst engem schwaachen éischte Véierel mat 70:87 (10:29, 25:17, 18:25, 17:16) misse geschloe ginn. D'Etzella steet domat op Plaz 9, wat scho virum Spilldag gewosst war, an de Gréngewald bleift wéinst dem Diddelenger Succès op Plaz 2.

D'Sparta konnt sech um leschte Spilldag souverän mat 73:59 (27:10, 17:8, 15:14, 14:27) géint den AB Conter duerchsetzen a sech sou déi 3. Plaz sécheren. Conter gëtt duerch dës Néierlag 5. am Klassement vun der regulärer Saison.

Basket: D'Damme vun der Sparta wanne géint Conter
Domadder séchert sech d'Sparta déi 3. Plaz am Championnat a Conter fält op déi fënneft zeréck.

Een enke Match tëscht dem Basket Esch an Zolwer ass um Enn mat 82:76 (24:18, 24:27, 16:10, 18:21) un d'Lokalekipp gaangen. Esch gëtt domat 7., wärend Zolwer op der leschter Plaz bleift.

Wolz huet zu Steesel laang gutt matgehalen, ass an der zweeter Hallschent awer agebrach. D'Amicale konnt sech um Enn mat 87:66 (24:21, 9:18, 22:12, 32:15) duerchsetzen, d'Resultat huet awer fir béid Ekippe keen Afloss méi am Klassement.

Domat sinn déi véier Dueller fir d'Playoffs:
T71 Diddeleng - Musel Pikes
BBC Gréngewald Hueschtert - Basket Esch
Sparta Bartreng - Amicale Steesel
Résidence Walfer - AB Contern

Resultater Dammen