Zanter Enn Januar ass déi Affär am Dammebasket tëschent dem Gréngewald an dem T71 am schonn amgaangen.
Nodeems den Tribunal Fédéral vun der Basketfederatioun d'Decisioun geholl hat, de Match frësch ze spillen, krut de Gréngewald virum Conseil d'Appel an elo och virum CLAS Recht, dass de Match esou ze validéieren ass, wéi en ausgaangen ass an zwar fir de BBC Gréngewald Hueschtert. D'Commission Luxembourgeoise d'Arbitrage pour le Sport war déi lescht Instanz hei am Land.
Och den Den T71 Diddeleng huet sech mat der Decisioun offonnt. Dat huet de Club de Méindeg de Moie per Communiqué matgedeelt. Déi nächst Instanz wier d'Internationaalt Sportsgeriicht zu Lausanne gewiescht. Deemno kennen d'Damme vun der Sparta elo endlech hire Géigner an der Coupe. An dat war och dringend néideg, well d'Finall ass schonn dëse Samschdeg.
Den T71 hat an der Halleffinall vun der Coupe géint de Gréngewald am Ufank vum Match 2 Punkte bäikritt, déi net gefall waren. Nom Match krut Diddeleng dës nees ofgeholl an hat d'Partie dunn op 1 Punkt verluer.