Duerch zwee Goler bannent zwou Minutte konnt de Joselu den Deckel drop maachen an de Spuenier déi éischt dräi Punkte sécheren.

E Samschdeg war den Ofschloss vum 1. Spilldag bei der Qualifikatioun fir d'EM 2024 an Däitschland. Fir Spuenien gouf et hei en 3:0-Succès géint Norwegen, d'Schwäiz huet de Belarus mat 5:0 iwwerrannt a Wales klaut sech duerch e Gol an der 93. Minutt ee Punkt géint Kroatien.

Grupp A

Spuenien - Norwegen 3:0
1:0 Dani Olmo (13'), 2:0 Joselu (84'), 3:0 Joselu (85')

Spuenien huet sech an der Partie géint Norwegen déi éischt dräi Punkte vun der Qualifikatioun geséchert. Mat der éischter gudder Chance waren d'Spuenier virun den eegene Spectateuren zu Malage duerch e Gol vum Dani Olmo a Féierung gaangen. D'Norweger, déi ouni de verletzten Haaland untriede missten, konnte gutt dergéinthalen a sech och selwer déi eng oder aner Chance erausspillen. Och nom Säitewiessel louch e Gol fir d'Gäscht an der Loft, dat awer ouni Succès. Mat zwee Goler bannent zwou Minutte huet de Joselu dann d'Partie entscheet an d'Victoire fir seng Ekipp geséchert.

Schottland - Zypern 3:0
1:0 McGinn (21'), 2:0 McTominay (87'), 3:0 McTominay (90+3')

Grupp D

Kroatien - Wales 1:1
1:0 Kramaric (28'), 1:1 Broadhead (90+3')

Duerch e Last-Minute-Gol muss sech Kroatien mat Wales d'Punkten deelen. No enger Ufanksphas ouni grouss Héichpunkte war et de Kramaric, deen d'Kroaten a Féierung brénge konnt. Vu Wales ass an den éischte 45 Minutten net vill komm, sou dass den 1:0 zur Paus verdéngt war. Och an der zweeter Hallschent waren d'Waliser weider ongeféierlech virum Gol. Alles huet op dräi Punkte fir Kroatien higedeit, ma duerch e Gol vum Broadhead ka sech Wales nach mat der leschter Aktioun vum Match ee Punkt sécheren.

Armenien - Tierkei 1:2
1:0 Kabak (10'), 1:1 Kökcü (34'), 1:2 Aktürkoglu (64')

Grupp I

Belarus - Schwäiz 0:5
0:1 Steffen (4'), 0:2 Steffen (17'), 0:3 Steffen (29'), 0:4 Xhaka (62'), 0:5 Amdouni (65')

Am Grupp I ass d'Schwäiz souverän mat enger 5:0-Victoire an d'Qualifikatioun gestart. Dräi Goler vum Steffen bannent den éischten 29 Minutten hunn et der Ekipp vu Belarus immens schwéier gemaach nach eemol zréck an de Match fannen ze loossen. Och am zweeten Duerchgang waren d'Gäscht weider déi besser Ekipp a sou séchere si sech no weidere Goler vum Xhaka an Amdouni méi wéi verdéngt déi éischt dräi Punkten.

Israel - Kosovo 1:1
0:1 Dasa (36'), 1:1 Peretz (56')

Andorra - Rumänien 0:2
0:1 Man (34'), 0:2 Alibec (49')