Ettelbréck entscheet Match an der Overtime

© Archive
De frëschgebakene Coupe-Gewënner behaapt sech mat 93:90 géint d'Arantia Fiels. Um Samschdeg gouf et Victoirë fir Steesel, Esch an Diddeleng.
Am nationale Basketchampionnat stoung e Samschdeg bei den Dammen a bei den Hären den Optakt vun de 1/4-Finallen um Programm, déi bekanntlech an engem Best-of-Three-Modus ausgedroe ginn.
Hären
Etzella Ettelbréck - Arantia Fiels 93:90
Ettelbréck gewënnt zum Optakt vun de 1/4-Finalle géint d'Fiels. No haarder Aarbecht, well de Match gouf an der Overtime decidéiert. D'Arantia hat de Match bis zum drëtte Véierel gutt am Grëff, mee an de leschte Minutte vum leschte Quarter huet d'Heemekipp de Score nach egaliséiert, sou dass et an d'Verlängerung goung. Do hat d'Etzella déi besser Nerven a setzt sech um Enn mat 93:90 duerch.
Amicale Steesel - AB Contern 87:71
D'Häre vu Steesel si mat engem Succès géint Conter an d'1/4-Finalle gestart. Duerch e staarken éischte Véierel konnt sech d'Amicale scho fréi e Stéck ofsetzen. Am zweeten an och am drëtte Véierel waren d'Virdeeler vum Match weider op der Säit vun de Steeseler, déi mat engem staarken Alexander Perry Reese hiren Ecart no an no vergréissere konnten. E gudde leschte Véierel vu Conter ass net duergaange fir eppes aus dem Match matzehuelen an domat behaapt sech d'Amicale um Enn mat 87:71.
Basket Esch - Residence Walfer 91:80
T71 Diddeleng - Sparta Bartreng 74:72
Dammen
T71 Diddeleng - Musel Pikes 91:60
Fir d'Damme vum T71 Diddeleng gouf et am éischte Match vun de 1/4-Finallen eng Victoire géint d'Musel Pikes. Den T71 war vun Ufank u spillbestëmmend a konnt mat zwee staarken éischte Véierel schonn e gudde Virsprong opbauen. Ënnert anerem d'Taylor Dominique Jones, d'Zykera Elaine Rice an d'Faith Ehi Etute hate sech nees a gudder Form gewisen. An den zwee leschte Véierel konnten d'Gäscht elo besser dogéint halen. Fir de Score awer nach kënnen op hir Säiten ze dréine war de Réckstand ze grouss a sou musse si sech géint déi Diddelenger um Enn geschloe ginn.
BBC Gréngewald-Hueschtert - Basket Esch 102:62
Residence Walfer - AB Contern 76:73
Sparta Bartreng - Amicale Steesel 86:76