Den COSL-Kongress mam Grand-Duc Henri
E Samschdeg de Mëtteg war um Bridel a Presenz vum Grand-Duc Henri déi uerdentlech Generalversammlung vum Lëtzebuerger Olympesche Comité.
Bei där gouf de Grand-Duc fir seng 25 Joer als Member vum internationalen Olympesche Comité, respektiv als Member vum COSL geéiert.
A senger Ried huet de President vum COSL, André Hoffmann, op
d'Wichtegkeet vun der Presenz vum Grand-Duc am internationalen Olympesche Comité ënnerstrach.
A senger Ried sot den André Hoffmann, datt d'Licence Unique, iwwer déi an de leschte Jore vill geschwat gouf, kee Sënn géif maachen. Dat hätt ee Groupe de Travail vu Spezialisten zeréckbehalen.
De Sportminister Georges Engel huet a senger Ried annoncéiert, datt de Subside fir zum Beispill Traineren bei de Federatiounen respektiv och fir administrativ Gestionnairen op 85.000 Euro an Zukunft erop geet.
De Benevolat bleift weider dat grousst Suergekand an der Sportswelt. Mat der Reform vum Congé Sportif kennen an Zukunft och Benevoller vun deem profitéieren.
De Georges Engel geet dovunner aus, datt bei den Olympesche Spiller dat nächste Joer zu Paräis ee Lëtzebuerger Haus soll fir déi Lëtzebuerger Delegatioun zu Verfügung stoen. Esou een Haus gouf et bis elo nach net.
Apropos Olympesch Spiller; Den COSL wëll bei der CFL intervenéieren, datt den TGV a Richtung Paräis wärend där Zäit normal fiert. D'CFL hat jo ugekënnegt, datt wärend den Olympesche Spiller op der Lëtzebuerger Säit Entretiensaarbechten misste gemaach ginn an dowéinst den TGV net kéint fueren.
Den COSL wéi och de Sportminister si sech eens, datt d'Aarbechtsrecht der Spezifizitéit vum Sport muss ugepasst ginn. Hei geet et haaptsächlech drëm, datt d'Flexibilitéiet wat d'Aarbechtstonnen ugeet, an engem Gesetz kloer definéiert ass.