Esch an d'Fiels an der Halleffinall, Walfer an d'Etzella eliminéiert

© Shari Schenten
E Sonndeg stoungen nach déi zwou lescht Véierelsfinalle vum Basket-Championnat bei den Hären um Programm.
Am Best-of-3-Modus stoung et virun e Sonndeg tëscht Esch a Walfer an tëscht der Etzella an der Fiels jeeweils 1:1. Deemno war fir e Sonndeg Spannung puer virprogramméiert.
Basket Esch - Résidence Walfer 82:69
Am Match tëscht dem Basket Esch an der Résidence Walfer war et an der éischter Hallschent ee ganz enke Match. Op Säite vun der Résidence wousst hei virun allem den Olivier Vujakovic ze iwwerzeegen. Just zum Schluss vum zweete Véierel hat Walfer e klengt Lach, esou datt Esch mat 6 Punkten Avance an d'Paus gaangen ass. Den Jordan Hicks an de Clancy Rugg ware responsabel fir 28 vun 38 Escher Punkten. Och an der zweeter Hallschent sollt et ganz spannend bleiwen, well d'Residence konnt d'Hallschent vun hirem Réckstand nach virum leschte Véierel ophuelen. Am leschte Véierel konnten déi Escher hir ganz Erfarung ausspillen, fir hir Avance ze vergréisseren an de Match mat 82:69 ze gewannen. Och am zweete Véierel waren Hicks a Rugg ze staark fir Walfer. Si komme kombinéiert op 60 Punkten.
Etzella Ettelbréck - Arantia Fiels 102:103
An der zweeter Partie stounge sech zwou Ekippe géigeniwwer, déi sech richteg gutt kennen. D'Etzella krut Besuch vun der Fiels. Och hei war et laang Zäit eng equilibréiert Partie, esou stoung et um Enn vum éischte Véierel 28:27. An der Suite hunn d'Gäscht aus der Fiels d'Kontroll vum Match iwwerholl. Hei waren et virun allem och déi zwee Amerikaner, déi a Saache Punkten iwwerzeegt hunn: Overton an Julian koumen zesummen op 40 Punkten. Beim Stand vu 55:42 fir d'Fiels goung et an d'Paus.
D'Jonge vum Trainer Gavin Love hunn an der zweeter Hallschent weider gekämpft a sinn och nees méi no erukomm, dat well si deels och gutt als Ekipp agéiert hunn. Bei der Etzella waren nom drëtte Véierel schonns véier Spiller duebelstelleg, wat d'Punkten ugeet. Nawell si si mat 11 Punkte Retard an de leschte Véierel gaangen. Hei konnt d'Etzella awer direkt en 10:2-Laf realiséieren an hunn et domat nach eemol ganz spannend gemaach. Bis zur leschter Sekonn ass et dann och spannend bliwwen, dat och duerch e staarke Gilles Polfer op Ettelbrécker Säit, dee sengersäits ganzer 7 Dräier erageschoss huet e Sonndeg. Um Enn huet nawell d'Fiels de Match ganz knapps mat 103:102 gewonnen. Beschte Spiller war den Overton mat 45 Punkten.
