Steesel iwwerrennt d'Fiels an den T71 léisst Esch keng Chance

© Roland Miny
Bei den Damme ginn et Victoirë fir d'Favoritte vum Gréngewald géint d'Sparta an Diddeleng géint Walfer.
E Mëttwoch goufen déi éischt Halleffinallmatcher bei den Damme wéi och bei den Hären an de LBBL-Playoffs gespillt. Dueller ginn wéi schonn an den 1/4-Finallen am Best-of-Three Modus gespillt.
Bei den Häre war et eng iwwerraschend däitlech Victoire vun Diddeleng zu Esch iwwerdeems den aktuelle Champion vu Steesel d'Fiels mat 98:59 iwwerrannt huet. Deemno 2 däitlech Victoirë an den éischte Matcher vun den Halleffinalle bei den Hären.
Dobäi konnt sech bei den Dammen de Gréngewald och kloer géint d'Sparta behaapten an de den T71 gewënnt no enger immens spannender Schlussphase op 4 Punkte géint Walfer.
Hären
Basket Esch – T71 Diddeleng 54:84
Et war bis zum leschte Véierel den erwaartenen defensiv haart gefouerte Match, bei deem den T71 sech am 1. Véierel konnt e kloren Virsprong vu 14 Punkten (23:9) eraus spillen. 22:25 aus der Siicht vun Esch stoung et an der Paus. De Clancy Rugg huet sengersäits an der 1. Hallschent nëmme 4 Punkte konnte markéieren. Esch huet an der zweeter Hallschent ënnert dem Impuls vum Thomas Grün, dee mat 14 Punkte beschte Shooter vu senger Ekipp war, nach emol versicht an de Match zeréck ze kommen, spéitstens am leschte Véierel war domat awer Schluss. Bei Diddeleng war gefillten all Schoss am Kuerf, iwwerdeems bei Esch näischt méi zesumme gelaf ass. Den T71 geet deemno mat 84 op 54 op Esch gewannen a feiert elo mat 1:0.
Amicale Steesel - Arantia Fiels 98:59
Den aktuelle Meeschter Amicale Steesel krut et mat der Iwwerraschungsekipp aus der Fiels ze dinn. D’Ekipp vum Christophe Ney konnt sech jo an enger dramatescher Serie géint den aktuelle Coupe-Gewënner vun Ettelbréck fir d’Halleffinall qualifizéieren. Géint d'Amicale war no 3 intensive Matcher an deene leschte 7 Deeg awer kee Kraut gewuess. Och ouni de verletzte Bobby Melcher huet Steesel der Fiels d'Limitten opgewisen a gewënnt um Enn däitlech mat 98:59. Kuerz virun der Paus ass bei Fiels zu allem Iwerfloss och nach de Jamison Vashaun Overton, dee géint d'Etzella nach 45 Punkte geschoss huet, wéinst engem "faute disqualifiante" vum Terrain geflunn an ass domatt automatesch fir den nächste Match e Samschdeg gespaart.
Andréck vum Match Steesel géint Arantia vum Roland Miny op pressphoto.lu
Resultater Hären
Dammen
BBC Gréngewald - Sparta Bartreng 78:57
Bei den Dammen ass et zur Neioplo aus der Coupe-Finall tëscht dem BBC Gréngewald an der Sparta Bartreng komm, woubäi de Gréngewald do de besseren Enn fir sech hat. D’Ekipp ronderëm den Trainer Mike Feyder war deemno op Revanche aus. Klappe sollt dëse Plang awer net. Am Géigendeel. Sparta hat virun allem an der 1. Hallschent (20:50) vill ze vill einfach Ballverloschter, an och an der Defense kruten si d'Catherine Wolff a Co. net an de Greff. Um Enn steet eng däitlech 78:57-Victoire fir de Coupe Gewënner Gréngewald um Bou. Den zweete Match an der Serie ass e Samschdeg um 18h00 zu Bartreng.
T71 Diddeleng - Résidence Walfer 82:78
E Tick méi spannend war et zu Diddeleng, wou den T71 vu Walfer Besuch hat. Nom 1. Quarter louch Walfer iwwerraschend mat 29:18 a Féierung. Ouni d'Catherine Mreches, wat aktuell verletzt feelt, hat d'Lokalekipp Schwieregkeeten zu hirem Spill ze fannen. No der Paus sollten Damme vum Jérôme Altmann dunn awer e Gang erop schrauwen. 2 Minutte viru Schluss stoung et 76:76 Gläich. Diddeleng gewënnt um Enn dann awer nach mat 82:78 géint d'Résidence. Eng batter Defaite fir d'Ekipp ronderëm d'Nora Hermes, louch een dach iwwer 25 Minutten a Féierung. Topscorerin vum Match war d'Amerikanerin vu Walfer d'Amanda Cahill mat 25 Punkten.