Kevin Moura zitt mat 29 Joer e Schlussstréch ënnert seng Karriär
De Kapitän vum T71 Diddeleng huet sech dofir entscheet, seng Basketschong un den Nol ze hänken.
No 14 Joer um Stéck Basket spillen, geet et fir de Kevin Moura elo duer. De fréieren Nationalspiller sot am RTL-Interview, datt en am Kapp net méi zu 100% dobäi ass an och de Spaass net méi richteg do ass. Dat wier dann de richtegen Ament fir opzehalen, esou den 29 Joer ale Kevin Moura. Hie wier donieft eben och kierperlech a mental midd, et wier ebe schwiereg de Basket an d'Privatliewen ënnert een Hutt ze kréien. Dat géing hien net méi packen.

Hannerléisst e Lach beim T71 Diddeleng
Beim T71 Diddeleng wäert de Kevin Moura e grousst Lach hannerloossen, nawell ass den Diddelenger Kapitän der Meenung, datt den T71 och an Zukunft gutt opgestallt wäert sinn. Mam Mihailo Andjelkovic a Joe Kalmes hätt een zwee gutt jonk Spiller, ronderëm déi een elo eng Ekipp misst opbauen. De Kevin Moura hofft dann och, datt hien en Deel vu senger Erfarung konnt un déi zwee Spiller weiderginn.

Championstitel 2021 war de schéinste Moment
De Kevin Moura wollt ëmmer onbedéngt eng Kéier Champion ginn an 2021 ass him dat mam T71 Diddeleng gelongen. Dat war, wéi hie selwer seet, de schéinste Moment a senger Karriär. Virun allem den Titel mat senge Matspiller Frank Muller an Tom Schumacher ze gewannen, op déi hien als jonke Spiller ëmmer eropgekuckt huet, war immens schéin. Virun allem ass hien 2019 vu Walfer eriwwer bei den T71 gewiesselt an do no zwee schwéiere Jore mat Corona-Pandemie dann 2021 viru Public deen Titel kënne ze gewannen, war scho speziell, esou de Kevin Moura.
Och mat Walfer gouf et schéi Momenter, wéi hien am Interview preziséiert. Do erënnert hie sech un den Opstig mat der Résidence an och datt e mat Walfer an der Coupe-Finall stoung. Dat wieren och schéi Momenter gewiescht, ma dee schéinste wier nawell de Championstitel.

Häerz schléit fir zwee Veräiner
Deemno hat de Kevin Moura bei béide Veräiner schéin Zäiten. Walfer ass dem fréieren Nationalspiller säi Jugendveräin, do ass hie grouss ginn an huet vill geléiert, ier hien dunn 2019 op Diddeleng gewiesselt ass. Do wier hien immens gutt opgeholl ginn an hien hätt sech och do immens wuel gefillt. Dofir schléit säin Häerz fir béid Veräiner, wéi hien eis am RTL-Interview verroden huet.

© pressphoto Archiv
"Nationalekipp war mega schéi fir mech"
"Dee schéinste Moment, deen ech hat mat der Nationalekipp, war d'Spiller vun der klenge Länner, mir sinn do Zweete ginn, mir kruten do d'Sëlwer-Medail." Dat waren dem Kevin Moura seng éischt Spiller vun de klenge Länner. "Dat war mega schéin", esou den Diddelenger Kapitän. Allgemeng ass hien houfreg drop, datt hien net vill Matcher mat der Nationalekipp verluer huet. "Et war eng immens cool Zäit, och ze reesen hin an hier, mat de Jongen ëmmer ënnerwee", esou erënnert sech de Kevin Moura u seng Zäit an der Nationalekipp.
Fir den 29 Joer ale Basketspiller war et ëmmer eng Éier, fir Lëtzebuerg dierfen ze spillen, wéi hie selwer seet an huet nach eemol ënnerstrach, datt hien do eng "mega schéin Zäit" hat.

© pressphoto Archiv
"Ech mengen, déi Nerven hätt ech net"
Op d'Fro hin, ob hie sech ganz vum Basket géif zeréckzéien, sot hien e géing wuel nach Basket kucke goen, ma Trainer wier wuel näischt fir hien. "Ech mengen, déi Nerven hätt ech net", seet de Kevin Moura.
D'Zukunft vum Kevin Moura
An noer Zukunft wëll sech de Kevin Moura elo emol op säi Privatliewe konzentréieren. Dozou gehéiert natierlech reesen, aner Sportaarte probéieren, Zäit mat der Famill verbréngen an allgemeng einfach Saache maachen, fir déi hien elo an noer Zukunft Zäit wäert hunn, déi en duerch de Basket laang Zäit net hat.

© pressphoto Archiv
De Kevin Moura tippt op de Basket Esch
E Mëttwoch stoung de Kevin Moura an der drëtter an decisiver Halleffinall tëscht Diddeleng an Esch eng leschte Kéier um Terrain. An déi Ekipp, géint déi den T71 do verluer huet, ass och dem Kevin Moura säi Favorit op de Championstitel dëst Joer. "Esch hat schwéier Géigner a si si komplett", esou de Kapitän vum T71 Diddeleng. Domat mengt hien, datt senger Meenung no Steesel méi e liichte Parcours hat bis an d'Finall an datt d'Ekipp vun Esch einfach méi komplett ass, virun allem elo, wou zu Steesel jo mam Bob Melcher ee ganz wichtege Spiller feelt. Dofir ass dem Kevin Moura säin Tipp op de Championstitel de Basket Esch.