Esch kann e 7-Goler-Réckstand an e 3-Goler-Virsprong ëmwandelen a gewënnt no intensive 60 Minutte mat 33:30 géint Red Boys Déifferdeng.

Esch klappt deemno Déifferdeng iwwerdeems den HC Bierchem mat 32:29 géint Diddeleng gewanne geet. Dikrech hat sengersäits doheem keng Chance géint Käerjeng a verléiert géint den HBK mat 24:33.

Den Handball Esch, aktuell Tabellenéischten, hat Besuch vum 4. vun Déifferdeng. An der Néioplag vun der Coupefinall, déi d'Redboys virun 2 Wochen am 7-Meterschéisse konnte wannen, hat Esch virun allem an der Mëtt vun der 1. Hallschent Problemer zu hirem Spill ze fannen. Stoung et no 7 Minutten nach 3:3, haten d'Lallenger 10 Minutte méi spéit 7 Goler Réckstand (7:14). Mat engem 5:0-Laf huet Déifferdeng den Escher an dëser Phase vum Match den Zant gezunn. D'Lokalekipp krut sech awer nees gefaangen, sou dass de Réckstand an der Paus bei 4 Goler (15:19) louch.

No der Paus sollt sech de Spectateuren een anert Bild weisen. Den HB Esch huet sengersäits am Ufank vun deenen zweeten 30 Minutten e 5:0-Laf konnte realiséieren, sou dass et no 40 Minutten 21:21 stoung. An der Schlussphase goufen op béide Säite keng Geschenker verdeelt. Et war eng immens serréiert a kierperbetounte Partie. Virun allem den Escher Golkipp Hugo Costa Figueira ass an dëser Phase iwwert sech eraus gewuess, an huet méi wéi emol inekstremis konnte paréieren. Esch konnt de Match dréinen, an ënnert dem Impuls vum Martin Müller a Jacques Tironzelli de Virsprong iwwert Zäit bréngen. No engem serréiertem Match gewënnt den HB Esch mat 33:30 géint Déifferdeng.

Am Virfeld vun dësem Spëtzematch war RTL béi de Red Boys, fir ze kucke wéi e sech op esou e Match virbereet. De Reportage vum Régis Thill kennt dir hei kucken.

Den HC Bierchem huet sech an engem enke Match mat 32:29 géint den HB Diddeleng duerchgesat. E Tick méi däitlech war et zu Dikrech, wou de Chev mat 24 op 33 géint den HB Käerjeng de Kierzeren zitt.   

RTL

© Gilles Tricca

Axa League Hären

Spillplang Hären Titel