Tëschenzäitlech war Esch mat 14 Punkten a Réckstand. Um Enn wënnt Esch mat 79:74 zu Steesel. Bei den Damme ka sech de Gréngewald zu Diddeleng duerchsetzen.

Esch gewënnt den éischte Match an der Best-of-Five Serie géint Steesel mat 79:74 a leit domat elo 1:0 am Avantage. Am Playdown kennen sech d'Pikes ganz knapp mat 66:65 géint de Gréngewald duerchsetzen a spillen duerch des Victoire och déi nächste Saison sécher an der LBBL.

Bei den Damme ka sech de Gréngewald zu Diddeleng behaapten an am Playdown huet Zolwer Wolz mat 109 zu 77 iwwerrannt.

Hären

Amicale Steesel - Basket Esch 74:79

Am éischte Match vun der Best-of-Five Serie ass d'Amicale besser aus de Startlächer komm a louch nom 1. Quarter mat 30:16 a Féierung. Zemools an der Defense kruten déi Escher hire Géigner net ze paken an an der Offensiv hu si all hier Versich vun der 3-Punkte-Linn an derlaanscht geschoss. Am zweete Quarter ass de Match mei kierperbetount ginn an Esch huet sech mat allem gewiert fir nees zeréck an de Match ze fannen. An dat mat Erfolleg. An der Offensiv hunn hier Schess de Wee an de Kuerf fonnt an och an der Defense stoung e méi stabil. Joé Biever a Co. konnten de Réckstand bis zur Paus esou op 4 Punkte verkierzen.

De Joé Biever vum Basket Esch

No der Paus war et e Match op Aaenhéischt. Béid Ekippen hu versicht hire Matchplang ëmzesetzen. Virun allem bei Esch war de Clancy Rugg an de Jordan Hicks elo voll am Match. D'Lallenger sinn deemno mat engem 2-Punkten-Avantage (63:61) an de leschte Véierel gaangen. An hei sollte sie um Enn déi besser Nerven hunn. Bei der Amicale ass zemols an der Schlussphase an der Offensiv näischt méi zesumme gelaf an et hu sech ze vill Feeler an d'Spill vum aktuelle Champion geschlach. Esch hat déi besser Nerven a gewënnt um Enn mat 79:74 zu Steesel.

Noah Medeot vun der Amicale Steesel

Beschte Scorer bei Esch war de Clancy Rugg mat 22 Punkten., Topscorer vum Match war de Steeseler Alexander Rees mat 24 Punkten.

E Mëttwoch um 20:15 ass de zweete Match zu Esch.

Resultater Hären Finall

Playdown Hären

Dammen

T71 Diddeleng - BBC Gréngewald 71:82
De Gréngewald huet sech duerch eng iwwerzeegend Leeschtung mat 82:71 konnten zu Diddeleng duerchsetzen a féiert elo an der Best-of-5-Serie elo mat 1:0.

Diddeleng hat et vun Ufank u schwéier géint eng gutt opgeluechte Gréngewalder Ekipp. Bei Diddeleng ass zu allem Iwwerfloss och nach dobäi komm, dat nieft dem Catherine Mreches och d'Mandy Geniets net mat dobäi war. No 2 Minutten huet dann och nach d'Nadia Mossong wéinst enger Blessur missen ausgewiesselt ginn.

An der Suite vum Match huet de Gréngewald d'Verletzungsmisère beim T71 äiskal ausgenotzt, a louch ënnert dem Impuls vum Shanavia Dowdell (29 Punkten am Total) an der Paus scho mat 18 Punkten a Féierung (47:29). Am zweeten Duerchgang huet den T71 sech wuel gerappt, an huet besser an de Match fonnt. De Réckstand konnt awer ass awer net méi ënner 10 Punkte gefall, sou dass no 40 Minutten eng 71:82-Néierlag um Spillbou steet.

Den zweete Match ass e Mëttwoch um 19h30 beim Gréngewald.

Am Playdown huet Zolwer Wolz mat 109 zu 77 iwwerrannt.

Resultater Dammen Finall

Playdown Dammen