En Dënschdeg hunn de Sportminister Georges Engel an den Educatiounsminister Claude Meisch een neit Konzept presentéiert.

FUNdamentals Team Lëtzebuerg / Reportage Franky Hippert

FUNdamentals Team Lëtzebuerg - "Eng Beweegungsgeschicht fir Kanner", heescht dat neit Konzept dat en Dënschdeg virgestallt gouf. D'Zil vun deem Konzept, dat vun "Lëtzebuerg léift Sport" ausgeet, ass et, datt Kanner vun 0 bis 12 Joer Loscht un der Beweegung an un der physescher Aktivitéit kréien. Dat Ganzt ass eng Zesummenaarbecht vun der Eneps, der École nationale de l’éducation physique et des sports, an dem SNJ, dem Service Nationale de la Jeunesse. Fir et ze notzen, muss ee sech och d'App vum LTAD eroflueden.

Fir den Non-formale Beräich, dat heescht d'Maison-relaisen, gouf e Geschichtsbuch fir Kanner vu 6 Joer un ausgeschafft. An deem Buch, dat vum Guy Helminger geschriwwe gouf, ginn et eng Rei Helden, déi engem 12 Fäegkeete bäibréngen, wéi lafen, sprangen a werfen. Et soll den Educateuren hëllefen, d'Motricitéit bei deene Jonken ze stimuléieren.

Et ass awer och un en zweete Volet geduecht ginn, an zwar un dee vum Elterenhaus. Fir d'Famille gëtt et en Hörbuch, dat vum Jang Linster realiséiert gouf. Den Inhalt dovun ass u sech deen nämmlechten, wéi dee fir d'Maison-relaisen.

De Sportminister huet drop higewisen, datt d'motoresch Kompetenzen, d'Motivatioun an d'Selbstvertrauen, déi een duerch Sport a Beweegung kritt, wichteg Elementer fir dat spéidert Liewe sinn. Den Educatiounsminister huet awer och nach ënnerstrach, datt wëssenschaftlech bewisen ass, datt och d'Leeschtungen an der Schoul besser ginn.

RTL

© ENEPS