6. Etapp vu Paris-NiceKluckers war laang an Echappée, Victoire um Enn fir Kolumbianer Harold Tejada

Rich Simon
De Grupp mam Maillot Jaune Jonas Vingegaard hat e Retard vu 6 Sekonnen.
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT/AFP

Op der 6. Etapp vu Paris-Nice gouf et no 179 Kilometer ee Succès fir de Kolumbianer Harold Tejada. De Grupp mam Maillot Jaune Jonas Vingegaard hat e Retard vu 6 Sekonnen.

Den Arthur Kluckers war an der Echappée mat dran. De Lëtzebuerger Champion gouf eng 8 Kilometer virun der Arrivée awer lachéiert an ass an de Peloton zeréckgefall.

Um Enn gëtt hien de 76. op iwwer 5 Minutten. Den Alex Kirsch koum als 101. un op iwwer 8 Minutten.

De Vingegaard bleift Leader. Den Dän huet eng Avance vun 3 Minutten an 22 Sekonnen op de Kolumbianer Daniel Martinez.

Back to Top
CIM LOGO